Vum 26. November bis de 14. Dezember gëtt déi 27. Handball-Weltmeeschterschaft an Däitschland an an Holland gespillt. D'Finall ass zu Rotterdam.

No 1965, 1997 an 2017 ass Däitschland nees ee vun zwee Organisateure vun der Dammen-Handball-Weltmeeschterschaft. Gespillt gëtt zu Dortmund, Stuttgart an Tréier. Donieft awer och an Holland zu Rotterdam an ’s-Hertogenbosch.

32 Ekippe si mat dobäi a spillen an 8 Gruppen ëm d'Weiderkommen. Déi bescht 3 Ekippen aus all Grupp qualifizéiere sech fir d'Haaptronn (5. bis 7. Dezember). Do ginn déi verschidden Natiounen op en Neits a 4 Gruppe mat 6 Ekippen opdeelt. Déi 8 Bescht komme weider a spillen dann an der Véierelsfinall (9. an 10. Dezember), Halleffinall (12. Dezember) a Finall (14. Dezember) ëm de WM-Titel.

Tina Welter iwwer d'Dammen-Handball-Weltmeeschterschaft

Zanter 10 Joer gëtt d'Weltmeeschterschaft vun Norwegen an dem aktuelle Weltmeeschter Frankräich dominéiert. Donieft hunn och Dänemark, Schweden an Holland gutt Chancen, fir wäit ze kommen. Fir déi fréier Lëtzebuerger Nationalspillerin Tina Welter gëtt et eng ganz spannend WM.

"Well ganz, ganz grouss Nimm oder Spillerinne jo ugekënnegt hunn, datt et hir lescht WM wäert sinn an aus ville verschiddenen Ekippen, soudatt ech mir virstelle kann, datt do natierlech all Ekipp an all Spillerin nach eng Kéier aneschters e bësse motivéiert ass, fir hir Karriär esou gutt wéi méiglech ofzeschléissen. Datt mir do och vun de Resultater hier warscheinlech hoffentlech interessant an enk Resultater wäerte kréien."

E Mëttwoch den Owend spillt ënnert anerem zu Stuttgart Däitschland géint Island. Zu Tréier kritt et Spuenien vun 18 Auer u mat Paraguay ze dinn.

Gruppen

Grupp A: Dänemark, Rumänien, Japan, Kroatien
Grupp B: Ungarn, Schwäiz, Senegal, Iran
Grupp C: Däitschland, Serbien, Island, Uruguay
Grupp D: Montenegro, Spuenien, Färöer, Paraguay
Grupp E: Holland, Éisträich, Argentinien, Ägypten
Grupp F: Frankräich, Polen, Tunesien, China
Grupp G: Schweden, Brasilien, Tschechien, Kuba
Grupp H: Norwegen, Angola, Südkorea, Kasachstan

Spillplang 

Grupp A (Rotterdam)
27. November, 18.00 Auer: Rumänien – Kroatien
27. November, 20.30 Auer: Dänemark – Japan
29. November, 14.00 Auer: Kroatien – Dänemark
29. November, 18.00 Auer: Rumänien – Japan
1. Dezember, 18.00 Auer: Japan – Kroatien
1. Dezember: 20.30 Auer: Dänemark – Rumänien
 
Grupp B (’s-Hertogenbosch)
27. November, 18.00 Auer: Schwäiz – Iran
27. November, 20.30 Auer: Ungarn – Senegal
29. November, 18.00 Auer: Schwäiz – Senegal
29. November, 20.30 Auer: Iran – Ungarn
1. Dezember, 18.00 Auer: Senegal – Iran
1. Dezember: 20.30 Auer: Ungarn – Schwäiz

Grupp C (Stuttgart)
26. November, 18.00 Auer: Däitschland – Island
26. November, 20.30 Auer: Serbien – Uruguay
28. November, 18.00 Auer: Uruguay – Däitschland
28. November, 20.30 Auer: Serbien – Island
30. November, 15.30 Auer: Island – Uruguay
30. November, 18.00 Auer: Däitschland – Serbien

Grupp D (Tréier)
26. November, 18.00 Auer: Spuenien – Paraguay
26. November, 20.30 Auer: Montenegro – Färöer
28. November, 18.00 Auer: Paraguay – Montenegro
28. November, 20.30 Auer: Spuenien – Färöer
30. November, 15.30 Auer: Färöer – Paraguay
30. November, 18.00 Auer: Montenegro – Spuenien
 
Grupp E (Rotterdam)
28. November, 18.00 Auer: Éisträich – Ägypten
28. November, 20.30 Auer: Holland – Argentinien
30. November, 18.00 Auer: Éisträich – Argentinien
30. November, 20.30 Auer: Ägypten – Holland 
2. Dezember, 18.00 Auer: Argentinien – Ägypten
2. Dezember: 20.30 Auer: Holland – Éisträich

Grupp F (’s-Hertogenbosch)
28. November, 18.00 Auer: Polen – China
28. November, 21.00 Auer: Frankräich – Tunesien
30. November, 15.30 Auer: Polen – Tunesien
30. November, 18.00 Auer: China – Frankräich
2. Dezember, 18.30 Auer: Tunesien – China
2. Dezember: 21.00 Auer: Frankräich – Polen

Grupp G (Stuttgart)
27. November, 18.00 Auer: Brasilien – Kuba
27. November, 20.30 Auer: Schweden – Tschechien
29. November, 18.00 Auer: Brasilien – Tschechien
29. November, 20.30 Auer: Kuba – Schweden
1. Dezember, 18.00 Auer: Tschechien – Kuba
1. Dezember: 20.30 Auer: Schweden – Brasilien

Grupp H (Tréier)
27. November, 18.00 Auer: Angola – Kasachstan
27. November, 20.30 Auer: Norwegen – Südkorea
29. November, 18.00 Auer: Angola – Südkorea
29. November, 20.30 Auer: Kasachstan – Norwegen
1. Dezember, 18.00 Auer: Südkorea – Kasachstan
1. Dezember: 20.30 Auer: Norwegen – Angola