Mat der Startnummer 335 wäerten de Lëtzebuerger Charles Munster an de Fransous Xavier Panserie op engem KTM X-Bow vum "G Rally Team" un den Depart goen.

Eigentlech ass de Charles Munster jo am Rallyesport op Asphalt a Schotter doheem. Rezent huet hie sech awer och am Rallye-Raid probéiert, a konnt do direkt mat guddem Tempo iwwerzeegen. Bei der Rallye Marokko konnt hien zwou Specialle fir sech entscheeden a bei der Baja Aragon war et souguer d'Victoire.

Elo huet d'Team "G Rally Team" op hirem Instagram-Account ugekënnegt, dass de jonke Lëtzebuerger als Rookie wäert fir hiert Team bei der Rallye Dakar untrieden. U senger Säit huet hien de Fransous Xavier Panseri, dee scho vill Erfarung bei der Dakar huet. Eng 10 Mol war hie schonn hei um Depart an 2024 war et souguer Plaz 2 am General, dat mam Guillaume de Mévius op engem Toyota Hilux Overdrive.

Virun e puer Woche gouf d'Partnerschaft tëscht KTM an dem G Rally Team ugekënnegt, wat nawell fir Opreegung an der Rallye-Raid-Welt gesuergt huet. Fir KTM ass dat den éischte konkreeten Offroad-Projet. D’Mark aus Éisträich investéiert an de Rally-Raid a baut op der Plattform vum G Rally Team op, fir mat hirem "G-ECKO" e weltwäite Projet ze entwéckelen.

Deel vun deem Launch ass dann elo mam Charles Munster och e jonke Lëtzebuerger, wat natierlech eng enorm Chance fir hien ass, sech op der internationaler Bün ze weisen.

Charles MUNSTER, #335 bei der Dakar Rally 2026: "Ech sinn immens frou, beim Programm ‘KTM X-Bow powered by G Rally Team’ dobäi ze sinn. Dat ass meng éischte Kéier, dass ech bei der Dakar Rally matfueren, mee ech fille mech perfekt ënnerstëtzt, fir dës Erausfuerderung unzegoen – dank mengem Navigator Xavier an dem ganzen Team. Ech kann et kaum erwaarden, hannert dem Steier vum G-ECKO ze sëtzen an dës nei Aventure am Januar ze starten!"

De Rallye Dakar geet vum 3. bis 17. Januar gefuer, dat komplett a Saudi-Arabien, mat engem Depart an enger Arrivée an der Küstestad Yanbu um Roude Mier. Ronn 8.000 Kilometer heescht et ze meeschteren.