En Donneschdeg huet d'Lëtzebuerger Härennationalekipp den éischte Match vun der Pre-Qualifikatioun fir d'EM 2029 gespillt.

An der Coque um Kierchbierg huet Lëtzebuerg virun 1200 Zuschauer mat 89:77 gewonnen.

D'FLBB-Selektioun huet gutt an de Match fonnt a louch nom éischte Véierel 26:11 a Féierung, dat virun allem duerch den Impuls vun engem staarke Ben Kovac, deen an der Paus vum Match schonn 22 Punkten um perséinleche Kont stoen hat. Irland huet am zweete Véierel besser an d'Partie fonnt a konnt de Réckstand reduzéieren, Lëtzebuerg ass allerdéngs mat enger komfortabeler 47:37-Féierung an d'Kabinn gaangen.

RTL

© FIBA

Nom Säitewiessel huet Irland sech zeréck an de Match gekämpft, dat duerch eng verstäerkte Presenz ënner de Kierf an am Rebound. D'Gäscht hunn donieft gutt aus der Distanz getraff an zum Optakt vum véierte Véierel war d'Partie ausgeglach. Fir déi leschte Minutte konnt ee sech dofir Spannung erwaarden. Lëtzebuerg huet hei iwwerzeegt an ass duerch Rugg a Kovac decisiv a Féierung gaangen. No haart ëmkämpfte leschten Aktioune konnte sech d'Lëtzebuerger feiere loossen. Mat 38 Punkte war de Ben Kovac beschte Scorer bei der FLBB-Selektioun. Den Oliver Vujakovic konnt 19 Punkte markéieren. Nom éischte Véierel gouf den Thomas Grün fir säi laangjäreg Engagement an der Nationalekipp vun der FLBB geéiert.

RTL

© FLBB

Um Sonndeg spillt Lëtzebuerg auswäerts géint Aserbaidjan (15:00).