Déi dräi Lëtzebuerger Nationalspillerinnen hunn e Mëttwochowend de leschte Match vun der Gruppephas an der Euroleague, bezéiungsweis am EuroCup gespillt.

D'Anne Simon huet mat Magnolia Campobasso um Dënschdeg auswäerts 67:71 géint Brno (Tschechien) verluer. D'Nationalspillerin konnt 11 Punkte markéiere fir d'Gäscht, déi sech scho virum Match fir den nächsten Tour (K.O-Matcher) qualifizéiert haten an och nach ëmmer op der éischter Plaz an hirem Grupp stinn. De Géigner steet iwwerdeems nach net fest.

Och fir d'Saarlouis Royals mam Magaly Meynadier ass den EuroCup eriwwer. Um Mëttwoch gouf et doheem eng 72:80 Defaite géint Riga (Lettland). D'Lëtzebuergerin koum a 26 Minutten op 6 Punkten, Saarlouis huet déi 6 Matcher an der Gruppephas verluer.

An der Euroleague huet de franséische Club Flammes Carolo mam Dionne Madjo auswäerts an Italie kloer mat 57:74 géint Schio verluer. D'Lëtzebuergerin koum an dëser Partie net zum Asaz. Fir den nächsten Tour, enger weiderer Gruppephas mat zum Deel neie Géigner, hat sech Carolo allerdéngs scho viru Woche qualifizéiert an ass domat weiderhin an der Course fir de gréissten europäesche Clubtitel.