E Mëttwoch den Owend si mat Arsenal a Bayern zwou Ekippen openeegetraff, déi bis ewell nach keng Punkten an der Champions-League-Saison leie gelooss hunn.

Dowéinst war kloer, datt op mannst eng vu béide Formatiounen den Owend Punkte leie loosse wäert. Um Enn sinn et d'Bayern, déi sech no 90 Minutte musse geschloe ginn. D'Gunners kënne sech verdéngt mat 3:1 géint eng Bayern-Ekipp behaapten, déi iwwert de ganze Match gekuckt ze ongeféierlech am Spill no vir war an hanne sech ze vill Lacunnen erlaabt huet.

An deenen anere Matcher vum Owend ka sech Kopenhagen knapps 3:2 géint den Underdog aus dem kasacheschen Almaty duerchsetzen, wougéint Pafos FC beim 2:2-Remis géint Monaco fir eng kleng Iwwerraschung suergt.

Sporting Lissabon huet keng Problemer géint Club Brügge. D'Portugise behaapte sech hei mat 3:0. Kuerze Prozess huet Atalanta Bergamo mat der Frankfurter Eintracht gemaach. Bannent 5 Minutte schéissen d'Italiener dräi Goler an um Enn kënne si de Match mat 3:0 fir sech entscheeden.

Liverpool fënnt och net géint Eindhoven a seng Form zréck. Virun heemeschem Public musse sech d'Englänner 1:4 géint d'Hollänner vun Eindhoven geschloe ginn. Beim Golspektakel tëscht Paräis an Tottenham sollt um Enn de PSG de längeren Otem hunn. No 90 Minutten trenne sech de PSG an Tottenham Hotspur mat 5:3.

Am Match tëscht Piräus a Madrid huet den Mbappé nees all seng Qualitéiten ënner Beweis gestallt. Bei der 4:3-Victoire konnt de Fransous déi véier Goler fir seng Faarwe markéieren. E spéide Gewënner gëtt et iwwerdeems am Match tëscht Atletico Madrid an Inter Mailand. An der 93. Minutt sollt de Spuenier nach de Lucky-Punch geléngen. Béid Ekippen trenne sech 2:1.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

FC Arsenal - FC Bayern München 3:1
1:0 Timber (22'), 1:1 Karl (32'), 2:1 Madueke (69'), 3:1 Martinelli (77')

Déi bescht Zeenen aus dem Match Arsenal géint Bayern
Um Enn steet eng verdéngten 3:1-Victoire fir Arsenal um Bou

D'Spectateure kruten zu London eng intensiv, wann och chancenaarm éischt Hallschent ze gesinn. Arsenal stoung an der Defense stabil, huet hanne gutt zougemaach, soudatt déi Münchener sech d'Zänn ausgebass hunn, fir e Lach an der Defense ze fannen. Offensiv hunn d'Londoner och nëmme seelen Akzenter gesat, soudatt am Ufank vum Match Chancë rar geseet waren. Mä an der 22. Minutt sollten d'Gunners dunn a Féierung goen an dëst am Fong mat der éischter gudder Aktioun am Match. E Corner ass an de Strofraum geseegelt komm, deen den Timber mat engem gudde Kappball du verwäerte konnt. Dobäi huet den Hollänner awer dovu profitéiert, datt den Neuer am Gol vun de Bayern beim Erauskomme keng gutt Figur gemaach huet. Kuerz drops hat den Eze den 2:0 um Fouss leien, allerdéngs konnt de Kimmich den Englänner am leschte Moment stéieren, soudatt dësen de Ball laanscht de Gol gesat huet. Et war och de Kimmich, deen an der 33. Minutt mat engem wonnerschéine laange Ball op de Gnabry den 1:1 ageleet huet. De Gnarby huet doropshin de jonken däitsche Karl an Zeen gesat, deen de Ball direkt entgéint der Lafrichtung vum Golkipp am Gol ënnerbruecht huet. Et stoung deemno 1:1 an d'Bayern hunn ëmmer besser an de Match fonnt. An der 35. Minutt huet de Stanisic sech nach en Häerz gefaasst an huet et aus der Distanz probéiert, mä säi Schoss sollt dunn awer däitlech nieft dem Gol aschloen. Mat engem 1:1 goufe béid Formatiounen an d'Kabinne geschéckt, an engem Match, deen duerchaus nach Loft no uewen hat.

Nom Téi hunn d'Gunners de bessere Start an de Match erwëscht. No engem Feelpass vum Kimmich, koum de Saka un de Ball, deen aus hallefrietser Positioun ofgeschloss huet. Den Neuer huet sech ganz laang misse maachen a konnt de Schoss vum engleschen Nationalspiller an der 48. Minutt in Extremis an de Corner deviéieren. D'Münchener hate Schwieregkeete fir an déi zweet 45 Minutten ze fannen, soudatt Arsenal déi eng oder aner Kéier geféierlech, virun allem no Standardsituatioune virum bayresche Gol opdauche konnt. Ass et bei de Münchener dogéint geféierlech ginn, da war meeschtens de Karl mat am Coup. Esou wéi och bei sengem Schoss an der 55. Minutt, deen de Golkipp vun Arsenal awer viru keng gréisser Problemer gestallt huet. An der 60. Minutt hat de Mosquera den 2:1 um Fouss, oder besser gesot um Kapp leien, allerdéngs ass de spueneschen Defenseur aus kierzter Distanz um glänzend reagéierenden Neuer hänke bliwwen, dee seng Ekipp virum Réckstand gerett huet. An där Phas vum Match war Arsenal dréckend iwwerleeën, mä Kapital konnten d'Gunners net aus dëser Iwwerleeënheet schloen. An der 69. Minutt soll Arsenal sech dunn awer endlech belounen. Eng Flank vum Calafiori ass beim Madueke gelant, deen de Ball per Volley am Gol vum Neuer ënnerbrénge konnt. Kuerz drop konnt de Martinelli den drëtte Gol fir seng Faarwe markéieren an domadder scho fir eng kleng Virentscheedung suergen. Dobäi huet de Brasilianer dovu profitéiert, datt den Neuer vill ze fréi aus sengem Gol komm ass, soudatt dëse vum Arsenal Spiller iwwerspillt gouf an hien dem Ball just nach nokucke konnt, wéi dësen am Münchener Gol ageschloen ass. Un dësem Resultat sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren, soudatt Arsenal sech mat 3:1 géint Bayern München behaapte kann.

Pafos FC - AS Monaco 2:2
0:1 Minamino (6'), 1:1 David Luiz (18'), 1:2 Balogun (26'), 2:2 Salisu (89', Eegegol)

FC Kopenhagen - Qairat Almaty 3:2
1:0 Dadason (26'), 2:0 Larsson (59', Eelefmeter), 3:0 Robert Silva (73'), 3:1 Satpaev (81'), 3:2 Baybek (90')

D'Resuméë vun de Matcher Pafos FC géint Monaco a Kopenhagen géint Almaty
Am Match tëscht Pafos a Monaco gëtt et kee Gewënner, wougéint sech Kopenhagen knapps géint Almaty behaapte kann

Olympiakos Piräus - Real Madrid 3:4
1:0 Chiquinho (8'), 1:1 Mbappé (22'), 1:2 Mbappé (24'), 1:3 Mbappé (29'), 2:3 Taremi (52'), 2:4 Mbappé (59'), 3:4 El Kaabi (81')

Sporting Lissabon - Club Brügge 3:0
1:0 Quenda (24'), 2:0 Luis Suarez (31'), Trincao (70')

D'Resuméë vun de Matcher Piräus géint Madrid a Sporting géint Club Brügge
Madrid ka sech dank dem Mbappé a Griicheland behaapten, Sporting wënnt géint Brügge

Eintracht Frankfurt - Atalanta Bergamo 0:3
0:1 Lookman (60'), 0:2 Ederson (62'), 0:3 de Ketelaere (65')

FC Liverpool - PSV Eindhoven 1:4
0:1 Perisic (6', Eelefmeter), 1:1 Szoboszlai (19'), 1:2 Til (56'), 1:3 Driouech (73'), 1:4 Driouech (90'+1)

D'Resuméë vun de Matcher Frankfurt géint Bergamo a Liverpool géint Eindhoven
Liverpool fënnt och géint Eindhoven net zréck an d'Spuer a Bergamo mécht kuerze Prozess mat der Frankfurter Eintracht

Atletico Madrid - Inter Mailand 2:1
1:0 Alvarez (9'), 1:1 Zielinski (54'), 2:1 Gimenez (90'+3)

PSG - Tottenham Hotspur 5:3
0:1 Richarlison (35'), 1:1 Vitinha (45'), 1:2 Kolo Muani (50'), 2:2 Vitinha (53'), 3:2 Fabian (59'), Pacho (65'), 4:3 Kolo Muani (72'), Vitinha (76', Eelefmeter)

D'Resuméë vun de Matcher Atletico géint Inter a PSG géint Tottenhham Hotspur
Atletico Madrid kann duerch e spéide Gol géint den Inter wannen, wougéint de PSG de Match géint Tottenham mat 5:3 fir sech entscheede kann


All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.