En Donneschdeg war de fënnefte Spilldag an der Europa League.

An do goung et fir d'Däne vu Midtjylland, déi bis elo déi véier Partië gewanne konnten, op Roum. Den AS stoung no zwou Néierlagen an zwou Victoiren am Mëttelfeld vun der Tabell. D'Heemekipp huet awer fréi gewisen, datt si déi dräi Punkten doheem hale wollten a sinn no siwe Minutten duerch den El Aynaoui a Féierung gaangen. Dono hunn d'Fans awer laang misste waarden, bis se den nächste Gol gesinn hunn. An der 83 Minutt nämlech hunn d'Réimer duerch den agewiesselten El Shaarawy op 2:0 gesat. An der 87. Minutt koumen d'Gäscht nach eng Kéier duerch de Paulinho bäi, konnten d'Néierlag awer net verhënneren. E Bléck op d'Statistik weist dann och, datt den AS Roum dës Partie verdéngt gewonnen huet. Vill Chancen hu si sech zwar net erausgespillt, mä wann, da konnte si och treffen. Zougelooss dogéint hu si bal näischt, well Midtjylland huet grad emol zwee Schëss op de Gol an den 90 Minutte hikritt. Midtjylland bleift trotz der éischter Néierlag weider wäit uewen an der Tabell, wärend Roum net méi wäit vun der Topp 8 ewechläit.

Nice stoung beim FC Porto ënner Drock, well de Vertrieder aus Frankräich huet bis ewell 0 Punkten aus véier Matcher gehat. Ma no 90 Minutten a Portugal huet sech déi Statistik just verschlechter. Zwar hate si méi Schëss wéi d'Portugisen, op de Gol sinn dovunner awer déi mannste gaangen. Porto dogéint huet dräi Bäll op de Gol kritt, déi och all dobanne waren. Den Ufank hat do direkt an der éischter Minutt de Veiga gemaach, deen no 33 Minutten och nach op 2:0 setze konnt. No ronn enger Stonn huet den Arbitter, nodeem hei sech de Video ugekuckt huet, op de Punkt gewisen. No engem Zweekampf am Strofraum war nämlech de Samu vu Porto gefall. De Samu ass dann och selwer ugetrueden an huet op 3:0 fir Porto gesat. Dëst war och d'Schlussresultat vun dëser Partie. Wärend Nice esou gutt wéi eliminéiert ass, confirméiert Porto seng Plaz an der Top 8 vun dëser Tabell.

Den SC Freiburg huet an Tschechien bei Victoria Pilsen musse reesen. Freiburg stoung virum Spilldag op den Toppplazen a Pilsen war zwar net an der Topp 8 awer och net wäit dovunner ewech. D'Heemekipp war dann déi éischt, déi jubele konnten. Dat awer just fir eng kuerz Zäit. Well nom Gol huet den VAR agegraff an den Arbitter huet mat Hëllef vum Video op Händs decidéiert. De Gol huet also net gezielt. Obwuel béid Ekippe sech Chancen erausspille konnten an zu Ofschlëss koumen, ass et awer zum Schluss beim 0:0 bliwwen. Freiburg verléiert domadder déi zweete Plaz an der Tabelle, d'Ausgangspositioun, fir direkt weiderzekommen, bleift awer dräi Spilldeeg viru Schluss gutt. Duerch just ee Punkt fält Pilsen aus der Topp 8 eraus, bleift awer mat 9 Punkten op den Toppplacéierungen drun.

All d'Resultater an d'Tabell am Iwwerbléck