Jadon Sancho wiesselt vum BVB bei Manchester United

© AFP
Béid Veräiner si sech eens, deemno dierft den engleschen Nationalspiller vun nächster Saison u fir Manchester United spillen.
Domat verléieren déi Dortmunder op en Neits e Schlësselspiller. Wuel kritt de BVB 85 Millioune fir de Sancho kréien, ma den Hans-Joachim Watzke sot: "Mir freeën eis net iwwer d'Geld, mee sinn traureg, dass e fort ass." Dobäi wier et dem Sancho säi Wonsch gewiescht, ze wiesselen an hien hätt sech virbildlech verhalen.
De Watzke huet awer och nach eemol betount, datt nach eng ganz Partie formal Saache misse geléist ginn, ier den Transfert endgülteg iwwer d'Bün kéint goen.
Dortmund hat den 21 Joer alen Englänner 2017 fir 7,5 Millioune vu Manchester City kaaft.