De Lëtzebuerger ass op der Liichtathletik-WM zu Tokio a Japan op déi 10. Plaz iwwer 3.000 Meter Steeple gelaf.

De Lëtzebuerger Leefer Ruben Querinjean ass de leschte Samschdeg an e Méindeg déi éischte Kéier op enger Weltmeeschterschaft gelaf an huet dobäi wichteg Erfarung gesammelt.

Liichtathletik-WM: 10. Plaz fir Ruben Querinjean a Finall iwwer 3.000m Steeple
Op der Liichtathletik-WM zu Tokio ass de Ruben Querinjean e Méindeg an der Finall iwwer 3.000 Meter Steeple mat engem Chrono vun 8:37.49 Minutten op déi 10. Pla

Am Gespréich mam Bern Thill no der Course huet hien erkläert, datt esou Coursse ganz speziell a schwéier ze geréiere wieren.
 
"Et ass ëmmer am Kapp, datt den Olympia-Gewënner, esou oder esou wäert erëm no vir kommen a meeschtens och ouni grouss Problemer“, esou de Ruben Querinjean. Dat géif d'Taktik schwéier maachen: "Mir waarden, waarden, waarden… d’Course war dofir relativ lues, mee och immens stresseg."
 
"Ech hunn ze vill Energie verluer"
 
Am Réckbléck op säi Laf gesäit den Athleet kloer, wou hien hätt besser kënne reagéieren:

"Ech sinn e bëssen ze vill op der baussenzeger Linn gelaf, dat kascht Meter. A virun allem hunn ech ze fréi ugegraff. Ech hu mäi Kick scho bei 500 Meter virum Zil gesat, et hätt misse méi spéit sinn, éischter bei 300 Meter. De Gewënner huet genee do seng Attack gesat, ech wollt nogoen, mee beim Waassergruef hat ech keng Energie méi iwwereg. Ech hu mech also verrechent, mee et ass net schlëmm. Ech huele vill mat aus dëser Erfarung."
 
"Ech si frou, wéi mäi Kierper reagéiert huet"
 
Trotz deene Feeler zitt de Lëtzebuerger e positive Bilan: "D’Course war usprochsvoll mat der Hëtzt an der héijer Fiichtegkeet, meng Muskulatur hat och vun der Qualifikatioun nach e bëssen ze schaffen. Ech war midd, mee ech war iwwerraschend zefridden, wéi mäi Kierper reagéiert huet. Et hu just déi lescht 200 Meter gefeelt an dat war mäi Feeler an der Taktik. Fir mech war et wichteg, ze gesinn, datt ech zwee sou staark Leef kann hannertenee packen."
 
Grouss Chantieren, mee och vill Potential
 
Wat d'Weiderentwécklung ugeet, bleift de Ruben Querinjean ambitiéis: "Technesch ass nach vill Loft no uewen. Wann ech mech do verbesseren, kann ech vill Zäit a vill Energie spueren. Donieft wëll ech meng Vitess nach weider stäerken, virun allem op de 500 Meter. Ech gesinn do nach grousst Potential, och well mäi Rekord op 1500 Meter bei 3:34 läit, an ech mengen, datt nach méi séier Zäite méiglech sinn."
 
Um Enn vum Interview betount hien, datt och d’Basis net dierf vergiess ginn: "D’Ausdauer bleift e wichtegt Thema." An dat wier eng vun de Prioritéite fir de Wanter-Training.

A Rekordzäit leeft sech de Ruben Querinjean no uewen
De Lëtzebuerger Liichtathleet trëtt e Méindeg um 14.55 Auer an der WM-Finall iwwer 3.000m-Steeple un.