Nächste Schratt fir Futtball-Dammennationalekipp
De 17. September an den 21. September spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Dammennationalekipp hir 2 éischt WM-Qualifikatiounsmatcher.
Am Futtball kënnt et den nächste Freiden zu engem historesche Moment. Et wäert nämlech déi éischte Kéier an der Geschicht vum Lëtzebuerger Futtball sinn, dass eng Dammennationalekipp vun der FLF an der Gruppephase fir eng Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft spillt. Eng einfach Aufgab gëtt et net, mee et wier awer e wichtege Schrëtt, fir den Dammefuttball hei am Land no vir ze bréngen. Den Donneschdeg de Moie gouf de Kader am Siège vun der FLF presentéiert.
D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp wäert mat hiren 23 Spillerinnen an der Qualifikatioun fir WM 2023, déi an Australien an Neiséiland gespillt gëtt, am Grupp D géint Nordirland, England, Éisträich, Nordmazedonien a Lettland untrieden. Den Trainer Dan Santos ass sech bewosst, dass et keng einfach Matcher ginn, mee dëse Wee misst een aschloen, fir sech weiderzëentwéckelen.
"Et gëtt bal keen anere Wee wéi deen do. Et sinn aner Länner, déi dat och gemaach hunn. Wann ech d'Beispill vu Malta huelen, déi hu viru 6 Joer ugefaangen an déi hate Resultater, déi net schéi waren, mee déi lescht Campagne hu si 10 Punkte gemaach. Et ass déi drëtt Campagne, déi se gemaach hunn. Dat ass de Wee, dee mir och misste goen an dat och elo maachen. Et gëtt sauer, mee wann ee wëll Perspektiven an Ambitiounen hunn, da komme mir net dolaanscht."
Den FLF-President bedauert, dass keng Prequalifikatioun gespillt gëtt wéi dat virun 8 Joer nach de Fall war. Déi sinn aus der Vu vun der Futtballfederatioun onverständlecherweis net méi organiséiert ginn.
"D'Ekippe vun de klengen Natiounen houngen an der Loft a konnten nëmmen Frëndschaftsmatcher spillen, déi si organiséiert kruten, wa se da Géigner fonnt hunn. Eng Prequalifikatioun war de Wonsch vun enger ganzer Partie vun Natiounen. Et huet geheescht: Entweder maach dir do mat oder dir spillt wieder Frëndschaftsmatcher."
Dowéinst hätt en elo dëse Wee gewielt, fir sech mat aneren Natiounen ze moossen. Eng dovun ass England. Géint déi aktuell Nummer 4 vun der Welt wäert d'Dammennationalekipp den 21. September am neie Stadion spillen.
"Géint England am neie Stadion ze spillen, gëtt flott Erfarung an e schéint Erliefnis. Ech hoffen, dass den M-Block eis och ënnerstëtze kënnt an och vill Leit eis ënnerstëtze kommen. Mir brauchen dat well mir wëssen, dass et ganz schwéier wäert ginn, mee mir wäerten eis deier verkafen.", esou den Trainer vun der Dammennationalekipp.
De ganze Kader souwéi d'Informatiounen, wou een Tickete kritt, fannt Dir hei.