Bills wanne Favoritten-Duell géint Chiefs, Rekord-Fieldgoal bei den Jaguars
© AFP
Wärend de Patrick Mahomes déi bis elo schlechtst Performance vu senger Karriär ofgeliwwert huet, konnt den Josh Allen en neie Veräinsrekord opstellen.
De Weekend war an den USA d'Week 9 vun der Regular Season. Dobäi hu sech am Duell tëscht den zwee Super-Bowl-Favoritte mat den zwee Star-Quarterbacke Patrick Mahomes an Josh Allen um Enn d'Buffalo Bills mat 28:21 géint d'Kansas City Chiefs duerchgesat. Dem Quarterback vun de Bills Josh Allen ass dobäi een Touchdown-Pass gelongen an zwee Mol ass hie selwer mam Ball an d'Endzon gelaf. Mat enger Passquot vun 88,5 Prozent huet hien en neie Veräinsrekord opgestallt. De komplette Géigendeel un Emotioune gouf et dogéint beim Patrick Mahomes. De Quarterback vun den Chiefs huet am Verlaf vum Match eng Interception geheit an hat mat enger Passquot vun nëmme 44,1 Prozent de schlechtste Wäert an engem Match vun der regulärer Saison a sengen néng Joer an der NFL. No dëser Defaite stinn d'Chiefs an der AFC West nëmmen op der drëtter Plaz hannert den Denver Broncos an den LA Chargers.
En NFL-Rekord gouf et da bei der knapper 30:29-Victoire vun den Jacksonville Jaguars géint d'Las Vegas Raiders. De Kicker vun den Jaguars, de Cam Little, hat aus 68 Yards e Field Goal geschoss an domat een neien historesche Beschtwäert opgestallt. Kuerz viru Schluss vun der regulärer Spillzäit hat de Little dann nach eemol Nerve bewisen, wéi hie mat engem Field Goal aus 48 Yards seng Ekipp an d'Overtime rette konnt. Do konnten d'Jaguars dann no engem weideren Touchdown op 30:23 a Féierung goen. D'Raiders sollten dann duerch een eegenen Touchdown verkierze kënnen, ma d'Two-Point-Conversion war net gelongen a sou stoung um Enn déi 6. Defaite vun der Saison fir d'Ekipp vum Matbesëtzer Tom Brady aus Los Angeles fest.
E richtegt Offensivspektakel gouf et bei engem 47:42-Succès vun den Chicago Bears géint d'Cincinnati Bengals. Déi ganz Partie iwwer hu sech béid Ekippen op Aenhéicht begéint an d'Spannung war bis an de leschte Quarter eran um Liewen. De Bears war hei dann ee fréie Field Goal an een uschléissenden Touchdown zum 41:27-Tëschestand gelongen. Duerno hunn d'Bengals zwar eng staark Reaktioun gewisen a konnten duerch zwee Touchdowne mat 42:41 a Féierung goen, ma dat lescht Wuert sollt d'Ekipp aus Chicago mat engem decisiven Touchdown fir de 47:42-Endstand hunn.
E Schockmoment gouf et dann nach bei der 14:38-Defaite vun de Washington Commanders géint d'Seattle Seahawks. Hei war dem Jayden Daniels, Quarterback vun de Commanders, am véierte Véierel den Ielebou erausgesprongen. No enger séierer Reaktioun vun de Spiller an der medezinescher Ekipp, konnt de Blesséierte mat enger Schinn um Aarm ëmmerhin ze Fouss vum Terrain goen. Trotzdeem wäert hie wuel eng Zäit laang net fir seng Ekipp disponibel sinn. Eng genee Diagnos gëtt et aktuell nach net.
Resultater
Ravens - Dolphins 28:6
Bears - Bengals 47:42
Vikings - Lions 27:24
Panthers - Packers 16:13
Broncos - Texans 18:15
Falcons - Partriots 23:24
49ers - Giants 34:24
Colts - Steelers 20:27
Chargers - Titans 27:20
Saints - Rams 10:34
Jaguars - Raiders 30:29
Chiefs - Bills 21:28
Seahawks - Commanders 38:14
An der Nuecht op en Dënschdeg kënnt et dann nach zum Duell tëscht den Arizona Cardinals an den Dallas Cowboys.