En Dënschdeg den Owend konnte sech déi zwou spuenesch Ekippen als éischt fir d'Halleffinalle vun der Champions League qualifizéieren.

Mat engem 0:1 aus dem Allersmatch haten déi Münchener doheem genuch ze dinn, fir sech géint Villarreal duerchzesetzen a sech fir d'Halleffinallen ze qualifizéieren. Déi aner Heemekipp vun dësem Dënschdeg Real Madrid hat mat der 3:1 Auswäertsvictoire dogéint besser Kaarten, fir sech géint Chelsea déi nächst Ronn ze sécheren. Fir d'Bayern sollt et no engem gudden Optrëtt zum Schluss awer net duergoen an Chelsea huet Real an d'Verlängerung gezwongen, éier d'Spuenier sech hei konnte behaapten.

Champions League / Resumé Jeff Kettenmeyer


Bayern München - FC Villarreal 1:1

1:0 Lewandowski (52'), 1:1 Samu Chukwueze (88')

An den éischte 45 Minutte gouf et wéineg Opreegunge virum Gol, wat awer net bedeit, datt den Arbitter net genuch ze dinn hat. An engem Match, dee béid Ekippe haart ugaange sinn, hat de Vincic Slavko aus Slowenien genuch ze dinn, woubäi eenzeg de Lewandowski no 33 Minutt giel krut, well hien ze spéit koum a säi Géigespiller um Fouss ze pake krut. Bayern hat da méi vun der éischter Hallschent, mat 64 Prozent Ballbesëtz an 8 zu 2 Schëss op de Gol, konnt awer hei nach näischt mathuelen. D'Heemekipp muss also nom Säitewiessel méi weisen, fir nach weiderzekommen.

Bayern-Villarreal: Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent
Mat engem 0:0 ass et an d'Paus gaangen.

Déi Münchener koume mat 100 Kilometer an der Stonn aus der Paus an hunn direkt vun Ufank un Drock gemaach. No zwou verpasste Chancen huet de Lewandowski den 1:0 markéiert. Groussen Undeel um Gol hat de Coman, deen d'Defense ënner Drock gesat huet an esou eng schwaach Pass konnt offänken an iwwert de Müller den 1:0 vum Lewandowski konnt virbereeden. D'Heemekipp huet du gespuert, datt eppes géing goen a si hunn den Drock och nom Gol weider Oprecht erhalen. Wa Villarreal iwwerhaapt emol zu engem Ugrëff koum, war dëst meeschtens iwwer Konter. A genau esou e Konter hu si an der 88. Minutt perfekt op en Enn gespillt. An der Defense hu se de Ball gewonnen an dunn ass et séier iwwer 4 Statiounen no Vir gaangen, wou den Samu Chukwueze am 1 géint 1 den Neuer bezwénge konnt. Bayern huet dono, wéi schonn déi ganz zweet Hallschent, weider Drock gemaach, konnten awer déi lescht 2 Minutten an déi bal 5 Minutten Nospillzäit net méi notzen. Mat dësem 1:1 an dem 1:0 aus dem Allersmatch ka sech Villarreal iwwerraschend fir d'Halleffinall qualifizéieren.

Bayern-Villarreal: Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent
Mat engem 1:1 an den zweete 45 Minutte konnte sech d'Spuenier duerchsetzen.

Real Madrid - Chelsea FC 2:3

0:1 Mount (15'), 0:2 Rüdiger (51'), 0:3 Werner (75'), 1:3 Rodrygo (80'), 2:3 Benzema (96')

Real-Chelsea: De Resumé vum komplette Match
Eréischt an der Nospillzäit huet sech decidéiert, wéi eng Ekipp sech fir d'Halleffinalle qualifizéiere kann.

An den éischte Minutte war et en hin an hier a keng vun den zwou Ekippe wollt sech hei verstoppen. Déi éischte Kéier, wou eppes Zielbares dobäi erauskoum, war an der 15. Minutt, wéi de Werner de Ball e bësse glécklech op de Mount weidergeleet huet, deen dem Courtois am Gol keng Chance gelooss huet. Dono huet de Match e bësse un Aktioun verluer, Real stoung méi déif an Chelsea leeft bäi. Wa Real et da mol no vir probéiert huet, war et iwwer Konter oder och si sinn un der gudder Defense vun den Englänner hänke bliwwen. Esou ass et mat engem verdéngten 1:0-Avantage fir d'Gäscht an d'Paus gaangen, déi awer nach op d'mannst ee Gol bräichten, fir wéinstens eng Verlängerung z'erzwéngen.

Nom Säitewiessel huet Chelsea du gewisen, datt si nach ee Gol brauchen an hunn direkt Drock gemaach. An der 52. Minutt huet de Mount dunn de Ball fir de Rüdiger opgeluecht. Zwee Verteideger koumen net drun an den Defenseur vun Chelsea konnt mam Kapp de Ball an d'Netz drécken. Dono war och Real gefuerdert, fir méi ze maachen, wat d'Heemekipp och probéiert et huet. Gléck hate si dunn an der 63. Minutt, nodeem den Arbitter e Gol vum Alonso ginn huet, gouf dësen duerch de VAR zeréckgeholl, well den Alonso de Ball viru sengem Gol mat der Hand gespillt hat. 12 Minutte méi spéit huet de Werner et du besser gemaach an den 3:0 fir Chelsea markéiert, dat no enger Zockerpass vum Kovacic. Real dogéint hat bis ewell grouss Problemer, sech géint déi staark Defense ze behaapten, wat si awer missten änneren, wa si nach weiderkomme wéilten. Wat hinnen an der 80. Minutt gelongen ass. De Modric hat e Feeler vum Kanté ausgenotzt an huet dobäi de Rodrygo fonnt, deen dem Mendy am Gol keng Chance gelooss huet. De Lucky Punch ass dono kenger Ekipp méi gelongen, esou datt dëse Match an d'Verlängerung gaangen ass.

No 6 Minutten an der Verlängerung war et Real, déi duerch de Benzema sech an eng gutt Situatioun konnte bréngen. De franséischen Nationalspiller konnt eng gutt Flank vum Vinicius Junior konnten notzen a mam Kapp de Gol fir Real markéieren. Chelsea huet sech dono schwéier gedoen, fir eppes Zielbares erauszekréien, huet sech awer an dëser Situatioun net opginn a gekämpft. D'Madrileene stoungen an der Defense zolidd an och déi wäit an héich Bäll vun Chelsea konnten dat net briechen. Wa se mol zu Chance koumen, hu se de Ball entweder net op de Gol oder net laanscht de Golkipp kritt. Chelsea hat sech zeréck an dësen Duell gekämpft, deen ee Gol am Ufank an der Verlängerung konnte si awer zum Schluss net méi ophuelen.

All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.