Beim Optakt vun de Véierelsfinallen an der Futtball-Champions-League huet nach Liverpool mat 3:1 géint Benfica Lissabon gewonnen.

Manchester City huet sech en Dënschdeg den Owend am Allersmatch vun den Champions-League-Véierelsfinalle mat 1:0 géint Atlético Madrid behaapt. Domadder hëlt d'Ekipp vum Guardiola e klengen Avantage mat an de Retourmatch.

Liverpool huet sech iwwerdeems auswäerts mat 3:1 géint Benfica Lissabon behaapt a mécht domadder e grousse Schratt a Richtung Halleffinallen. An der Paus louchen d'Reds mat 2:0 a Féierung.

Resumé Champions League / Reportage Jeff Kettenmeyer

Manchester City - Atlético Madrid 1:0

1:0 De Bruyne (70')

Manchester City ass laang un Atlético Madrid verzweiwelt, ma an der 70. Minutt huet den De Bruyne den decisiven 1:0 fir d'Ekipp aus England geschoss.

Manchester City zielt den Ament zu de futtballeresch beschten Ekippen. Mat Atlético Madrid stoung een en Dënschdeg den Owend awer enger Ekipp géintiwwer, géint déi kee Veräin gäre wëllt spillen. An esou gouf et dann och deen erwaart zéie Match. D'Gäscht stounge wéi gewinnt gutt organiséiert an extrem déif. ManCity huet ee grousse Kraaftopwand bedriwwen an huet et ëmmer nees probéiert, fir sech gutt Chancen erauszespillen. Ma wärend den éischte 45 Minutten sinn der Ekipp vun der Insel keng zwéngend Golchancë gelongen. Och Madrid huet de Wee net virun de Gol vu ManCity fonnt.

No der Paus sinn d'Chancen op béide Säiten e bësse méi geféierlech ginn. An der 64. Minutt war de Laporte am Strofraum aus sechs Meter fräi zum Kappball komm, ma hien huet dat ronnt Lieder knapp iwwert de Gol gesat. An der 70. Minutt huet et dunn awer gerabbelt. Freeë konnt sech ManCity. D'Lokalekipp huet sech staark duerch den Zentrum kombinéiert. Hei war et dunn de Foden, dee Sekonnen no senger Awiesslung den De Bruyne an de Strofraum geschéckt huet. De Kapitän ass virum Oblak cool bliwwen an huet zum 1:0 eragesat. Déi verdéngt Féierung fir d'Ekipp vum Guardiola.

ManCity huet duerno e weidere Gol gesicht an Atlético huet gewackelt. Um Enn ass et awer beim 1:0 bliwwen.

Déi bescht Zeenen aus dem Match ManCity-Atlético
Mat engem knappen 1:0 huet d'Ekipp aus England sech um Enn duerchgesat.

Benfica Lissabon - FC Liverpool 1:3

0:1 Konaté (17'), 0:2 Mané (34'), 1:2 Darwin (49'), 1:3 Luis Diaz (87')

Liverpool huet sech am Allersmatch vun de Véierelsfinall mat 3:1 bei Benfica Lissabon duerchgesat.

An der Paus louch den FC Liverpool bei Benfica Lissabon verdéngt mat 2:0 a Féierung. D'Reds haten alles am Grëff an hunn deels groussen Drock opgebaut. D'Goler fir d'Gäscht hunn de Konaté an der 17. Minutt an de Mané an der 34. Minutt geschoss. D'Offensiv vu Lissabon hat an den éischte 45 Minutten wuel och ëmmer nees Plaz, ma huet domadder awer näischt Geféierleches unzefänken gewosst.

Déi zweet Hallschent huet fir Liverpool guer net gutt ugefaangen. No engem Feeler vum Konaté huet den Darwin an der 49. Minutt fir d'Lokalekipp op 1:2 verkierzt. Benfica huet de Gol Selbstvertraue ginn, et ass ee méi aktiv a méi frech am Spill no vir ginn. Liverpool war net méi esou souverän wéi nach an der éischter Hallschent. An de leschte Minutten ass de Reds dunn awer nach e weidere Gol gelongen. De Luis Diaz huet an der 87. Minutt den 3:1 geschoss an domadder fir d'Schlussresultat gesuergt.

All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.