Theatercoup en Dënschdeg de Mëtten am Prozess, wou Konsequenzen aus den Zeienaussoe vu Weydert a Schockweiler gezu goufen. - Sëtzung no 30 min ofgebrach.

Déi 121. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess war mat knapp enger hallwer Stonn mat déi kierzt, awer och déi, déi et am meeschten a sech hat.

AUDIO: De Procureur général Robert Biever iwwer déi nei Situatioun

Um Ufank vun der Sëtzung huet de Procureur Georges Oswald nämlech erkläert, dass den Zeie Marcel Weydert, deen den Dënschdeg de Mëtten nach emol sollt gehéiert ginn, an de fréieren héijen Offizéier Armand Schockweiler net méi als Zeien, mä als potenziell Ugekloten ze betruechte wären.

De Marcel Weydert huet sech jo a Widderspréch verwéckelt am speziellen Dossier vum Kasematten-Attentat, wou hien emol no der Explosioun op der Plaz wollt sinn an dann erëm net. E Bréif un den Ugeklote Marc Scheer war iwwerdeems voll mat verdächtege Bemierkungen, déi de Marcel Weydert am Prozess net explizéiere wollt.

Et kéinten awer och nach anerer viséiert ginn, sou de Procureur ...

RTL

Geschwë mat op der Uklobänk? Armand Schockweiler (lénks) a Marcel Weydert. Dat géif dann och den Ufank vun engem neie Prozess bedeiten!

Nieft Weydert a Schockweiler, sot de Procureur Oswald, gëtt och nach eng Instructioun opgemaach géint den André Glodt vun der Spuresécherung. Do geet et ëm d'Wouerecht an der Fro, ob den Armand Schockweiler Beweis-Stécker vun den Attentater mat ewech geholl huet oder net.

Onzefridden ass de Parquet eisen Informatioune no och mat deem wat den Armand Schockweiler am Prozess sot iwwer seng Roll an der Commission rogatoire internationale géint den deemools verdächtege Ben Geiben.

Um Dënschdeg gouf et dann och schonn eng Perquisitioun doheem beim Marcel Weydert, wat de Parquet confirméiert huet.

En neie Prozess?

Sollten et effektiv weider Ugeklote ginn, wier de Prozess géint Wilmes a Scheer eriwwer! Esou d'Defense. De Procureur général seet am RTL-Interview awer, datt een net vu vir ufänke misst an datt de Prozess net dout wier - well op Iwwerraschungen hätt e musse gefaasst sinn ...

AUDIO: Bommeleeër, Weydert, Biever: Reportage Nico Graf
RTL

Me Lorang

No der kuerzer Sëtzung huet d’Me Lorang op d'Froe vum Eric Ewald geäntwert an de Revirement als méiglechen Ufank vun engem "neie Prozess" gesinn. Et misst nämlech da géint déi nei Inculpéiert enquêtéiert ginn, déi da mat op d'Uklobänk géife kommen.

Dat dierft wuel nach e puer Joeren daueren ...

AUDIO: Theatercoup am Bommeleeër-Prozess: Me Lydie Lorang
AUDIO: Theatercoup: Reaktioun vum Me Vogel

Den aktuelle Prozess geet um Mëttwoch mat der Auditioun vu weideren Zeie virun.

Wat heescht dat elo am Kloertext?

Am Bommeleeër-Prozess huet de Parquet en Dënschdeg de Mëtteg souzesoen d’Handbrems gezunn an ugedeit, dass en net méi mat sech spaasse léisst! Um Ufank vun der 121. Sëtzung huet de Procureur Georges Oswald nämlech gesot, den Ex-BMG-Member Marcel Weydert an de fréieren héijen Offizéier Armand Schockweiler wären als potenziell Ugekloten an net méi als Zeien unzegesinn!

Fir de Prozess bedeit dat konkret, dass en elo mol nach normal viru leeft, bis den Untersuchungsriichter eng Decisioun geholl huet, ob de Marcel Weydert, den Armand Schockweiler a vläicht nach aner Leit als Beschëllegt nieft de Marc Scheer an de Jos Wilmes op d'Uklobänk sëtze kommen. Dee Moment wär dëse Bommeleeër-Prozess eriwwer! Deemno kann een ouni z’iwwerdreiwe vun engem gellegen Theatercoup schwätzen, zu deem et en Dënschdeg de Mëtten um Stater Geriicht koum!

Bommeleeër-Prozess: 121. Dag
Sëtzung no 30 Minutten ofgebrach.