Police huet Mann kontrolléiert an Hëllefsorganisatioun informéiert
© Mobile Reporter
Zanter e puer Deeg zirkuléieren an de soziale Medie Fotoe vun engem Mann, dee mat engem Caddie am Heischtergronn op der N12 getrëppelt ass.
Op Nofro huet de Pressebüro vun der Police matgedeelt, dass an de leschten Deeg de Mann e puer Mol gemellt gouf. D'Persoun wier am Ufank am Réidener Eck ënnerwee gewiescht an elo rezent zu Wolz.
Eng RTL-Ekipp huet um Dënschdegmoien de Mann zu Wolz begéint, hie wollt awer net mam Journalist schwätzen.
Viru Kuerzem konnt eng Police-Patrull de Mann unhalen a kontrolléieren. De Pressebüro deelt mat, dass et sech ëm eng Persoun handelt, déi op der Strooss lieft a kee feste Wunnsëtz huet.
Hëllefsorganisatioun informéiert
D'Beamten hätten doropshi Kontakt mat enger Hëllefsorganisatioun opgeholl, fir dass de Mann ka gehollef kréien. Déi war um Dënschdegmoien zu Wolz, konnt de Mann awer net méi untreffen.
D'Hëllefsorganisatioun, vun där mir den Numm net matgedeelt kruten, wäert an den nächsten Deeg weider probéieren, Kontakt mam Mann opzehuelen, fir him ze hëllefen.
Fir Kontakt mat der Redaktioun opzehuelen, kënnt Dir e Message un dossier@rtl.lu maachen.