Den neie President vun der Gesondheetskeess, de José Balanzategui huet genuch Aarbecht viru sech.

D’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD hat et ugekënnegt, elo huet se et gemaach: d'lescht Woch huet se decidéiert hir Konventioune mat der Gesondheetskees ze kënnegen. Fir d’Assuréen huet dat fir déi nächst zwielef Méint elo direkt keen Impakt. Mee bannent engem Joer muss bei joer- oder joerzéngtelaangen Diskussiounen am Gesondheetswiesen tranchéiert ginn, erkläert de José Balanzategui, deen zanter e Freideg neie President vun der CNS ass:

"Déi Denonciatioun huet keen direkten Impakt op d' Assuréen, well déi Konventioun, déi bleift nach ee Joer effektiv, wat elo geschitt, dat ass, dass mir am Fong geholl opgrond vun där Denonciatioun en Datum wäerte fixéieren iwwert de Journal officiel, op deem Datum fänken dann nei Verhandlungen un."

Diskussioune praktescher Natur an ideologescher Natur

D’Konventioune bestëmmen d'administratiivt Zesummespill tëscht Dokteren an CNS. Fir d’AMMD wiere se eng iwwerdriwwe Laascht, net méi zäitgeméiss. Obligatoresch an automatesch. Se misste méi flexibel sinn. D’Doktere sollen awer och méi Autonomie kréie wat d’Tariffer ugeet. Bref: se wëllen de Gesondheetssecteur reforméieren. Klengt legitim, wat seet d’Gesondheetskeess dann dozou?
 
"Dat si Punkten, déi kënne mir net mat der AMMD direkt am Kader vun deene konventionelle Verhandlungen diskutéieren, well de Code de la sécurité sociale dat net virgesäit", Dat wiere politesch Froen, déi d’Regierung mat der AMMD misst klären, fir dann eventuell d'Gesetz ze änneren.

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez sot ons schonn hir Dier wier ëmmer op, an datt d’Regierung amgaange wier, d‘Punkten aus dem CSV-DP-Koalitiounsaccord ëmzesetzen. Dorënner och Spidolsaktivitéiten baussent de Spideeler oder nach Dokteschgesellschaften. De José Balanzategui seet, datt sech dann d’Fro vun der Finanzéierung stellt, an ob spezifesch Tariffer, notamment fir Funktionnementskäschten opgestallt ginn.
 
Gëtt d’Medezin duerch méi Aktivitéite méi bëlleg? Dat kann een net soen. Economies d’échelle oder besser Ofleef si méiglech, mee wann Aktivitéiten aus dem Spidol ginn, kéinte Spideeler méi deier ginn. De Begrëff Zwou-Klasse-Medezin zirkuléiert nees. Vill Kappzerbrieches, lo Mol fir d’Politik, dann awer och Aarbecht fir d’CNS.

Et fänkt jo gutt un?

"Ech weess op wat ech mech agelooss hunn", äntwert den neien CNS-President mat engem Laachen. Hie weist drop hin, datt hien awer scho 25 Joer "dobäi" ass an op eng "staark, motivéiert a kompetent” Ekipp kéint zielen.