Am November dëst Joer wär hien u sech mat ugeklot gewiescht, dat wéinst Falsch-Aussoen am Laf vum éischte Bommeleeër-Prozess.

De Charel Bourg ass dout. De fréieren Offizéier vun der Gendarmerie an éischte Generaldirekter vun der Police Grand-Ducale ass de 24. Juli am Alter vun 79 Joer gestuerwen.

Am November dëst Joer wär hien u sech mat ugeklot gewiescht, zesumme mat siwen anere fréiere Gendarmerie-Offizéier wéinst Falsch-Aussoen am Laf vum éischte Bommeleeër-Prozess.

D'Chambre du Conseil vun der Cour d’appel hat de leschten Hierscht de Virworf vun der Justizbehënnerung géint déi fréier Gendaarmen net zréckbehalen an och confirméiert, dass kee vun hinne sech wéinst der Verwécklung an d'Attentater an den 80er Jore selwer misst veräntwerten.

Den éischte Bommeleeërprozess géint déi fréier Gendaarme Scheer a Wilmes läit wéinst de widderspréchlechen Aussoe vun den am ganzen aacht Leit zanter Joren op Äis.

De Prozess géint déi elo da siwe fréier Gendarmerie-Responsabel, respektiv fréier Membere vun der Brigade mobile oder der Sureté soll de 17. November ufänken.