Bis Enn Mäerz 1986 sollten eng weider 20 Attentater d'Police an de Rescht vum Land beschäftegen.

40 Joer Bommeleeër-Serie / Reportage: Anne Wolff

Et war den Ufank vun enger Attentatsserie, wéi Lëtzebuerg se weder virdrun nach dono eng zweete Kéier erlieft huet. Den 12. Abrëll 1985, also viru 40 Joer, gouf bei Buerschent ee Vakanzechalet gesprengt. An deenen nächsten 12 Méint sollten nach eng ronn 20 Attentater, virun allem op Stroummasten, nokommen. Gestuerwen ass bei den Explosioune keen, ma et gouf awer Blesséierter an et ass ee Materialschued entstanen, deen op iwwer 5 Milliounen Euro geschat gëtt. 2013 huet ee Prozess géint zwee fréier Membere vun der Brigade mobile ugefaangen, deen am Joer drop awer ausgesat a bis haut net méi opgeholl gouf. De Marc Hoscheid werft ee Bléck zréck op déi sougenannte Bommeleeër-Affär.

Buerschent verbannen déi meeschte Leit wuel mat Natur an Touristen. Ma viru 40 Joer solle sech hei och e puer Terroristen erëmgedriwwen hunn.

Den 12. Abrëll 1985 muss et hei an der Géigend vu Buerschent zimmlech geknuppt hunn. Net manner wéi 25 Kilo Sprengstoff sinn op dëser Plaz explodéiert an hunn ee Vakanzechalet komplett zerstéiert. Leit, déi sech mam Dossier beschäftegt hunn, soen, 2 Kilo wieren duergaangen. D'Spuere vun der Explosioun sinn haut, 40 Joer méi spéit, net méi wierklech ze gesinn. Réischt e puer Woche virum Attentat war de Chalet an de Besëtz vum Staat iwwergaangen. Dat gëtt dann och als Haaptmotiv fir d'Sprengung ugesinn, well d'Zil vun de Bommeleeër wier et gewiescht, de Staat ze destabiliséieren. Beim Attentat op de Chalet hätt et sech wuel ëm een Training gehandelt. Et sollt den Optakt vun enger Serie vu ronn 20 Attentater sinn, déi sech bis Enn Mäerz 1986 gezunn huet a bis haut net ganz opgeléist ass.

Déi meeschte vun den Attentater goufen owes oder an der Nuecht an der, respektiv ronderëm d'Stad duerchgefouert. Ënnert anerem op Stroummaste vun der Cegedel, déi olympesch Schwämm um Kierchbierg a bei Privatpersounen. Déi grouss Fro, déi sech stellt: Wie stécht hannert den Attentater a wat ass den Täter hiert Motiv? Do ginn et zwou Theorien:

"Déi eng beseet, et ass reng national gewiescht, well d'Uerdnungskräfte waren total ënnerbesat a si hate kee Material an et war awer roueg zu Lëtzebuerg, et war keen Terror an dunn ass vläicht gesot ginn, da maache mer e bëssi Terror, da kréie mer eppes. Da ass déi eng Theorie. Déi aner Theorie, dat ass déi berüümte Stay-behind-Theory. A ganz Europa huet et jo deemools geknuppt, queesch uechter Europa gouf et Attentater", sou de Marc Thoma.

De laangjäregen RTL-Journalist fënnt et am warscheinlechsten, datt béid Theorie stëmmen. Sou géingen zum Beispill d'Attentat an d'Sprengfal um Findel net an d'Muster vun der nationaler Theorie passen. Enn Mäerz 1986 hält d'Serie op eemol op, ouni datt d'Täter fonnt goufen.

"Bei 20 Attentater, d'Täter net ze kréien, il faut le faire. Also wann ee kriminalistesch kuckt, ass dat effektiv bal onméiglech bei 20 Attentater. Normalerweis, wann een e puer Bankiwwerfäll mécht, beim drëtten, véierten, wann ee kuckt, ginn d'Täter iwwerféiert."

2013 ass et dunn endlech esou wäit. De Bommeleeër-Prozess fänkt un, op der Uklobänk sëtze mam Jos Wilmes a Marc Scheer zwee fréier Membere vun der Brigade Mobile. Ee Joer drop gëtt de Prozess ausgesat. Zanter leschtem Joer ass gewosst, datt aacht weider Persounen de Prozess wéinst Falschaussoe gemaach kréie sollen. Op Nofro hin heescht et vum Parquet awer, datt et fir kee vun deenen zwee Prozesser een neien, respektiv een éischten Datum gëtt. Et bleiwen also nach eng Partie Froen op.

Just eppes ass kloer: "Et war net Keen."

E Samschdeg den Owend gouf op der Tëlee den DNA Spezial iwwer d'Bommeleeër-Affär rediffuséiert. D'Emissioun fannt Dir am Replay um RTL Play.

RTL

© Anne Wolff