Affär Bommeleeër geet an déi nächst juristesch Ronn

© RTL Archivbild
Sou sollen jo am zweete Ulaf, nieft de presuméierte Bommeleeër Wilmes a Scheer, 8 Beschëllegt de Prozess wéinst Falschaussoen ënner Eed gemaach kréien.
Quasi vun alle Säite gouf lo Appell géint d'Ordonnance vun der Chambre du Conseil aus éischter Instanz gemaach.
De Fait, dass de Parquet "Appel général" gemaach huet, bréngt mat sech, datt déi Concernéiert alleguer an der Prozedur dra bleiwen an et deemno fir si alleguer virun der Chambre du Conseil vun der Cour d'appel virugeet.
Wéini et zu där Verhandlung kënnt, steet de Moment nach net fest.
Dës Informatioune goufen RTL vum Presse-Service vum Parquet confirméiert.
D'Chambre du Conseil vun der Cour d'appel hëlt lo den Dossier nach emol komplett op de Leescht a kuckt och fir hiren Deel, ob et genuch Unhaltspunkte ginn, fir déi verschidde Leit viru Geriicht ze schécken, respektiv, ob et zu engem oder méi Non-lieuxe kënnt.
An deenen 8 Fäll geet et wéi gesot ëm Falschaussoen ënner Eed am éischte Prozess virun 10 Joer. Viséiert si virop 5 fréier héichgestallt Gendaarmen, de Charel Bourg, Aloyse Harpes, Pierre Reuland, Armand Schockweiler a Guy Stebens.
De Reproche vun engem direkte Lien mat den Attentater gëtt et bei deene 5 net méi. Idem fir de Marcel Weydert aus der BMG-Spezialunitéit, grad wéi d'Ex-Enquêteuren Guillaume Büchler a Paul Haan.
Fir de Ben Geiben, fréiere Chef vun der Brigade mobile, dee beim éischte Prozess als potentielle Bommeleeër gehandelt gouf, gëllt en Non-lieu, sou dass sech mam Marc Scheer a Jos Wilmes just nach zwee fréier Beamten als potentiell Bommeleeër ze veräntwerten hunn.
D'Serie vun den 20 Attentater hat Lëtzebuerg tëscht Enn Abrëll 1985 an Mäerz 1986 an Otem gehalen.