Wat war geschitt a wat ass den aktuelle Stand?

© RTL Archiv
Et wäert en zweete Bommeleeër-Prozess ginn. Dat huet d'Justiz e Mëttwoch matgedeelt. D'Michèle Sinner gëtt eis e Réck- an Ausbléck op d'Affär.
Et wäert en zweete Bommeleeër-Prozess ginn. Am Kader vun der Serie vu Bommenattentater haaptsächlech op Infrastruktur wéi Stroum- a Sendemaste Mëtt den Achtzeger Joren huet d’Justiz e Mëttwoch matgedeelt, datt aacht fréier Beamte vu Gendarmerie, Brigade Mobile a Sûreté sech musse viru Geriicht veräntwerten. Dat wéinst Falschaussoe wärend dem éischte Bommeleeër-Prozess.
Den 2. Juli 2014 gouf de Bommeleeër-Prozess no 177 Prozessdeeg ënnerbrach. Dat well d’Aussoe vu verschiddenen Zeien am Prozess, notamment déi vun den ursprénglechen Enquêteuren, déi d’Attentatsserie sollten opklären, net opgoungen. Si, déi géint Verdächteg aus den eegene Reien ermëttelt hunn, hu sech viru Geriicht a Widderspréch verwéckelt, respektiv si hate strategesch a punktuell Memoiresprobleemer. Dowéinst hat de Procureur Georges Oswald deemools gesot, datt eng Rei vun den Zeie sollten inculpéiert ginn. Sief et, "datt se solle beschëllegt ginn, selwer dorun Deel geholl ze hunn, sief et, fir déi aner Leit, datt se Kenntnis dovun haten an déi Strofdoten awer entweder mat organiséiert, en connaissance de cause toleréiert oder esou dirigéiert hunn, datt se weiderhi méiglech waren."
Dës Virwërf, datt weider Leit direkt oder indirekt un den Attentater bedeelegt gewiescht wieren, goufen net zréckbehalen, datt huet d’Chambre du Conseil lo an zweeter Instanz confirméiert. Déi zwee fréier Gendaarme vun der Brigade mobile, Marc Scheer a Jos Wilmes, bleiwen als eenzeg Bommeleeër ugeklot.
Ma déi fréier Gendaarme Guy Stebens, Pierre Reuland, Charles Bourg, Armand Schockweiler an Aloyse Harpes sou wéi de fréiere Member vun der Brigade mobile, Marcel Weydert an déi zwee fréier Sûretésbeamte Paul Haan a Guillaume Büchler musse sech elo wéinst Falschaussoe viru Geriicht veräntwerten. De Virworf wéinst Entrave à la justice, deen nach géint déi fënnef fréier Gendaarmen am Raum stoung, gouf och elo fale gelooss.
Á propos Pierre Reuland an Entrave à la justice:Den haitege Premier Luc Frieden hat de Pierre Reuland an de Guy Stebens, déi zum Police-Generaldirekter, respektiv -Generalsekretär avancéiert waren, 2008 wéinst hirer Roll an der ursprénglecher Enquête missen entloossen. Eng Decisioun, déi him mënschlech leed gedoen hat. Hien huet déi gutt Aarbecht vun deene zwee Beamte gelueft, dank deenen d’Sécherheetssituatioun zu Lëtzebuerg besser wier wéi an den Nopeschlänner. Ma 2013 hat de Luc Frieden du selwer missen als Zeien am Prozess aussoen. Dat fir d’Fro ze beäntwerten, ob hie mam Pierre Reuland en Deal hat an ob deem seng Demande eng Verschäerfung vum Gesetz iwwert d’Entrave à la justice am Amt verhënnert a verschleeft hat. De Luc Frieden hat deemools mat "Nee" geäntwert.
D’Chambre du Conseil vun der Cour d’appel huet ausserdeem decidéiert, datt et net genuch Elementer géif, fir de fréieren Haaptverdächtege Ben Geiben wéinst de Bommenattentater unzekloen, déi zwar fir Materialschued gesuergt haten, mee bei deenen et keng Doudesaffer gouf.
En Datum, wéini dëse Bommeleeër-bis Prozess ugeet, gëtt et nach net. Op Nofro heescht et bei der Justice, reng theoretesch kéinten déi zwee Prozesser parallel lafen. Ob déi aacht nei Ugekloten als Zeie Falschaussoe gemaach hunn, misst net bis duerch all Instanze gekläert sinn, fir den eigentleche Bommeleeër-Prozess nees opzehuelen.