Xavier Bettel: Memorandum mat US-Firma Cisco ënnerschriwwen
En Dënschdeg fänkt zu Davos den 48. Weltwirtschaftsforum un, dee bis e Freideg dauert.
Dës Renconter, mat iwwer 3.000 Spëtzepolitiker an Topmanager souwéi Vertrieder vun internationalen Organisatiounen an der Zivilgesellschaft, steet dëst Joer ënnert dem Motto "Fir eng gemeinsam Zukunft an enger Welt déi ausernee gebrach ass".
Mat enger Ried vum indesche Premierminister Narendra Modi hat um Dënschdeg déi 48. Editioun vum Forum ugefaang. Um Programm stoung dono eng Ried vum kanadesche Premier Justin Trudeau. Mat Spannung gëtt iwwerdeems den Optrëtt vum amerikanesche President Donald Trump erwaart. D'Wäisst Haus hat e Méindeg confirméiert, dass hie sech op Davos deplacéiert. Duerch de "Shutdown" an den USA war dat nämlech guer net sou sécher. Et ass virgesinn, dass den Donald Trump e Freideg d'Ofschlossried hält.
Um Bord vum Forum kënnt den Donald Trump ënnert anerem mat der britescher Premierministesch Theresa May an dem israelesche Premier Benjamin Netanjahu beieneen. A béide Gespréicher soll et ëm international Krisen, wéi an Nordkorea an dem Iran goen, souwéi de Kampf géint den internationalen Terrorismus.






Lëtzebuerg ass vertrueden duerch d Premierminister Xavier Bettel an de Finanzminister Pierre Gramegna. En Dënschdeg den Owend war et d'Nouvelle, dass de Staatsminister e Memorandum of Understanding mat der US-amerikanescher IT-Entreprise Cisco ënnerschriwwen huet. Schonn zanter Enn Summer zejoert, war doriwwer diskutéiert ginn. D'Zil vun dëser Kooperatioun ass, d’Digitaliséierung hei zu Lëtzebuerg och mat der Hëllef vu Cisco weider auszebauen. D’Schwéierpunkten vun der Zesummenaarbecht sollen op der IT-Sécherheet leien, grad wéi och um Fin-Tech an der Educatioun.
De Xavier Bettel huet zu Davos nach eemol betount, dass Lëtzebuerg d'Ambitioun huet den digitale Leader an Europa ze ginn. Et wéilt een duerch innovativ Mëttel, virun allem an der Educatioun, d'Kompetenzen ausbauen, déi eis Bierger an Zukunft brauchen.
Um Weltwirtschaftsforum gouf en Dënschdeg iwwerdeems eng Etüd presentéiert, déi ënnersträicht, dass et zu Lëtzebuerg déi drëtt-beschten Liewensqualitéit ënnert den Industrie-Natiounen gëtt. Hannert Norwegen an Island kënnt de Grand Duché an dësem Index, an deem 103 Natiounen vertruede sinn, op déi 3. Plaz.
E Mëttwoch steet d'Situatioun an Europa am Mëttelpunkt vum zweeten Dag vum Weltwirtschaftsforum. Mat Spannung gëtt ënnert anerem déi europapolitesch Ried vun der däitscher Kanzlerin Angela Merkel erwaart.
Um Programm e Mëttwoch steet och d'Interventioun vum franséische President Emmanuel Macron. Hie presentéiert seng Diagnos iwwert d'Globaliséierung.
Massive Schnéi zu Davos
Den Organisateure mécht awer manner den Oflaf oder d'Contenue vum Weltwirtschaftsforum ze schafen, mä villméi déi enorm Schnéimassen, déi an de leschten Deeg an der Schwäizer Schidestinatioun gefall sinn. An de leschte sechs Deeg war dat iwwer annerhallwe Meter. Et ass eng Erausfuerderung fir d'Organisateuren, fir dass déi iwwer 70 Staats- a Regierungscheffen, Ministeren, souwéi Honnerte vu Chefs d'entreprisen an déi sëlleche Staren déi erwaart ginn, mat hiren Helikoptere kënne landen, respektiv mat den Autoen duerch de Schnéi kommen. Zu Davos gëllt nach ëmmer heegsten Lawinegefor.
© AFP
Op ville Plazen an der Schwäiz an och an Éisträich sinn e Méindeg Lawinen erof gaangen, ouni dass awer engem eppes geschitt ass. Eng Lawin ass tëscht Interlaken a Brienz an der Schwäiz ënnert enger héijer Eisebunnsbréck erduerch gaangen. Eng ganz Partie Schidestinatiounen sinn nach ëmmer vun der Aussewelt ofgeschnidden, dorënner St. Anton an Éisträich an Zermatt an der Schwäiz.
Hei dat offiziellt Schreiwes:
En amont de sa participation au «World Economic Forum», le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, en sa qualité de ministre de la Culture, a participé à une conférence des ministres de la Culture des 20 au 22 janvier 2018 à Davos. La déclaration y adoptée a comme objectif de promouvoir les idées et les principes de la culture du bâti de qualité.
Le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, s’est ensuite rendu au «World Economic Forum» à Davos du 23 au 25 janvier 2018. Cette année, la thématique du forum était «Creating a Shared future in a Fractured World». Le forum a permis au Premier ministre luxembourgeois de rencontrer des décideurs du monde économique, politique et social afin de promouvoir l’attractivité économique du Luxembourg.
Une série de réunions bilatérales et de rencontres informelles ont eu lieu à cet effet avec des chefs d’entreprises, des représentants de la société civile et des décideurs politiques. Ces discussions ont également permis d’aborder les grands sujets d’actualité politique et économique.
Le 22 janvier 2018, Xavier Bettel a participé à une table-ronde relative à la «blended finance and innovation for better business better world». Lors de cet événement, il a particulièrement souligné la nécessité des gouvernements de trouver des solutions globales à des problèmes globaux en s’appuyant davantage sur les partenariats entre le secteur public et le secteur privé.
En date du 23 janvier 2018, une série de réunions bilatérales ont eu lieu, notamment avec des représentants d’entreprises d’ores et déjà implantées et actives au Luxembourg comme Arcelor-Mittal ou Paypal.
Xavier Bettel a également rencontré Chuck Robbins, CEO de Cisco, avec lequel il a signé un memorandum of understanding.
Cet accord de collaboration vise à accélérer la digitalisation du Luxembourg dans la lignée de l’initiative «Digital Lëtzebuerg», pierre angulaire de la feuille de route de la transformation numérique du pays. Dans le cadre de cet accord, le gouvernement a l’intention de se concentrer sur quatre piliers, à savoir l’éducation, la cyber sécurité, l’Internet des objets connectés («IoT») ainsi que le domaine des fintech.
Lors de la signature de cet accord, Xavier Bettel a déclaré que : «le Luxembourg a pour ambition d’être un leader digital en Europe» avant de poursuivre : «Il s’agit non seulement d’attirer davantage d’investissements et de continuer à développer le secteur digital du pays, mais encore de préparer – notamment via des méthodes innovantes au niveau de l’Éducation – les compétences dont nos citoyens auront besoin à l’avenir».