Um fréie Méindegmoien huet en 12 Joer aalt Meedchen zu Bochum Poliziste mat zwee Messer ugegraff. Dës hunn doropshin hir Schosswaff agesat.

Wéi d'Police vun Essen matdeelt, wieren d'Beamte vu Bochum géint 00.30 Auer bei en Appartementshaus geruff ginn, well do e Meedche sollt sinn, dat als vermësst gemellt gi war. Dat 12 Joer aalt Meedche mat däitscher a serbescher Nationalitéit war aus engem Heem fortgelaf an ass op liewenswichteg Medikamenter ugewisen, déi hatt dee Moment iwwer méi laang Zäit net geholl hat. Den Dag virdrun hat e Betreier d'Meedche fir d'lescht gesinn an dono als vermësst gemellt.

D'Wunneng, bei déi d'Poliziste geruff gi waren, gehéiert der Mamm, déi kee Suergerecht méi fir dat krankt an daaft Meedchen huet a selwer daf ass. Well d'Dier net direkt opgemaach gouf, awer Geräischer aus der Wunneng ze héiere waren, hunn d'Beamten e Schlësseldéngscht geruff. Nach éier dëse koum, huet d'Mamm hinnen d'Dier géint 1.30 Auer opgemaach.

Wärend der Kontroll sinn d'Beamten dem Meedchen an der Wunneng begéint, dat doropshi mat zwee Messeren op si duergaangen ass. Fir d'Attack ofzewieren, hätten d'Polizisten éischten Erkenntnisser no zäitgläich en Taser an d'Schosswaff agesat.

Dat 12 Joer aalt Meedche koum schwéier blesséiert an e Spidol, wou hatt aktuell op der Intensivstatioun behandelt gëtt.

Nach an der Nuecht huet d'Mordkommissioun vun der Police Essen d'Ermëttlungen ënnert der Leedung vum Parquet iwwerholl.