Bis elo war den US-President dogéint, d'Ermëttlungsakten am Fall Jeffrey Epstein rauszeginn. D'Fuerderunge sinn a leschter Zäit awer ëmmer méi grouss ginn.

Entgéint senger fréierer Positioun zu deem Theema huet den US-President sech e Sonndeg den Owend dofir ausgeschwat, d'Representantenhaus iwwer d'Erausgi vun den Ermëttlungsakte vum verstuerwene Sexualstroftäter Jeffrey Epstein ofstëmmen ze loossen. "D'Republikaner am Representantenhaus sollten dofir stëmmen, d'Epstein-Akte fräizeginn, well mir hunn näischt ze verstoppen", sou den Trump op senger Plattform Truth Social.

Bis elo huet den US-President sech ëmmer dogéint ausgeschwat, all d'Akte fir de Public zougänglech ze maachen. Zanter e puer Méint hunn d'Fuerderungen dozou awer ni wierklech ofgelooss. Den Trump selwer huet ëmmer eng méi enk Relatioun mam Epstein bestridden, deen ënner anerem wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjärege verklot gi war.

Viru kuerzem goufen op en Neits nei E-Mailen an eng Rei Dokumenter verëffentlecht, déi de Géigendeel beweise sollen. Och op ville Videoen a Fotoe vun deemools sinn déi Zwee niefteneen ze gesinn. Dës Woch soll d'Representantenhaus an den USA elo eng parteiiwwergräifend Motioun op de Wee bréngen, fir d'Regierung all d'Epstein-Akten erausginn ze loossen.