E Méindeg presentéiert déi brittesch Inneministesch Shabana Mahmood Pläng fir eng méi streng Asylpolitik.

Domat sollen ënner anerem "automatesch" Hëllefen, wéi e Logement oder Suen, fir Asyldemandeure gestrach ginn. Och d'Dauer vum Flüchtlingsstatut soll vu bis elo fënnef Joer op 30 Méint verkierzt ginn. D'Migrante sollen deemno dozou gezwonge ginn, nees an hiert Heemechtsland zréckzegoen, soubal dëst als sécher agestuuft géif.

Scho virun der Presentatioun e Méindeg huet de britteschen Inneministère vun der bis elo "gréisster Asylreform" an der méi jonker Geschicht vum Land geschwat. Mat dëse Pläng erhofft sech de Premier Keir Starmer, déi aktuell schlecht Wäerter bei den Ëmfroen ze verbesseren, virun allem mat Bléck op déi aner Parteien, déi an dësem Kontext scho méi laang méi streng Mesurë fuerderen.