De Conseil vum Escher Spidol huet unanime decidéiert, sech op d’Entwécklung op den dräi Haaptsitten ze konzentréieren.

De Projet Spidolsantenn am GRIDX zu Wickreng ass vum Dësch. Dat hunn de President vum Chem-Verwaltungsrot an Escher Buergermeeschter Christian Weis no der Reunioun vum Conseil confirméiert. De Conseil huet unanime decidéiert, sech op d’Entwécklung op den dräi Haaptsitten ze konzentréieren. Dat heescht, d’Südspidol, Diddeleng an Nidderkuer. Eng Étude de faisabilité fir eng Antenn zu Wickreng ass domat gestoppt.

Déi Verantwortlech vum Chem hunn am Dezember bei der Gesondheetsministerin Rendez-vous fir iwwert d’Weiderentwécklung vum Masterplan ze schwätzen.

Datt den Chem spéider emol op anere Plazen Antennen opmécht, ass net ausgeschloss, esou de Christian Weis. Mä den Chem konzentréiert sech elo op seng Haaptsitten.

D'Escher Spidol hat an deene leschte Joren och gepréift, eng Antenn zu Munneref opzemaachen. D’Berechnungen hunn awer erginn, datt dee Projet sech net finanziell géing droen. Domat ass och dee Projet keng Optioun méi.