Zwee Triathleete bei Ironman 70.3 a Südafrika gestuerwen
© AFP (Symbolbild)
E Sonndeg de Moie si wärend dem Ironman 70.3 am südafrikanesche Mossel Bay zwee Triathleeten am Alter vun 29 an 58 Joer gestuerwen.
Wärend dem Schwammen, der éischter vun den dräi Disziplinnen, war et bannent 15 Minutten zu zwee verschiddenen Tëschefäll komm. 400 Meter nom Depart war eng éischt Persoun aus dem Waasser gezu ginn, déi aner no ronn 1.000 Meter. Béid Triathleeten, déi 29 an 58 Joer al gewiescht solle sinn, wieren deemno direkt op déi zoustänneg Plaz fir d'Noutfallversuergung bruecht an duerno an d'Spidol gefouert ginn. An engem Schreiwes op Facebook hunn d'Organisateure vum Ironman Südafrika den déidleche Virfall elo confirméiert.
Wéi d'Autoritéite matgedeelt hunn, géif een net vun enger Friemawierkung ausgoen. An den nächsten Deeg soll eng Autopsie Opklärung iwwert déi genee Doudesursaache bréngen.
Beim Ironman 70.3 Triathlon, deen ënner anerem och schonn zu Lëtzebuerg ausgedroe gouf, mussen d'Triathleeten hannerteneen 1,9 Kilometer schwammen, 90 Kilometer Vëlofueren a fir den Ofschloss 21,1 Kilometer Lafen.