Et ass sou waarm an esou dréche wéi nach ni am Iran. Elo solle Cloud-Seeding-Flich hëllefen, also d'Impfe vu Wolleken.

En entspriechende Vol ass e Samschdeg am Nordweste vum Land, iwwert dem Urmia-Séi, absolvéiert ginn, sou d'Noriichtenagence Irma. Den Urmia ass de gréisste Séi am Iran, ma wéinst der undauernder Dréchent ass dëse quasi esou gutt wéi ausgedréchent. En huet sech an eng riseg Salzwüst verwandelt.

Beim sougenannte Cloud Seeding gëtt gewéinlecht Salz oder eng Mëschung aus verschiddene Salze vun engem Fliger aus an d'Wolleke verspreet. D'Salzkristaller  fërderen d'Kondensatioun an op déi Manéier entsteet Reen.

Dës Technik gouf schonn an Dosende Länner genotzt, dorënner an den USA, a China an Indien. Den Iran hat d'lescht Joer annoncéiert, seng eege "Wollek-Impfmethod" entwéckelt ze hunn.

D'Land erlieft den Ament deen dréchensten Hierscht zanter 50 Joer. D'Quantitéit un Nidderschlag louch dem staatleche Wiederdéngscht no dat ganzt Joer 89 Prozent ënnert dem laangjäregen Duerchschnëtt. An der Hallschent vun den iranesche Provënzen ass zanter Méint keng Drëps Ree gefall. Am ganze Land ass Drénkwaasser rar.

An de leschte Wochen hat den iranesche President Massud Peseschkian erkläert, dass Teheran misst evakuéiert ginn, sollt bis zum Enn vum Joer kee Reen erofkommen.