US-Nationalgard soll sech deelweis aus Chicago a Portland zeréckzéien
© SCOTT OLSON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
D'US-Regierung soll domat ugefaangen hunn, d'Nationalgardisten deelweis aus de Stied Chicago a Portland ofzezéien.
Dat mellt d'New York Times e Sonndeg amerikanescher Zäit. Deemno sollen déi jeeweils 200 Membere vun der Nationalgard, déi aus anere Bundesstaaten a béid Stied geschéckt goufen, dës nees verloossen. D'Nationalgard ass zwar aktuell a béide Stied present, ma wéinst engem juristesche Sträit ëm d'Legalitéit vun der Decisioun, se dohin ze schécken, ass se bis ewell nach net agesat ginn.
Ma och nodeems en Deel vun den Truppen ofgezunn ass, solle Membere vun der Nationalgard a béide Stied present bleiwen. 300 Nationalgardisten aus dem Bundesstaat Illinois sollen zu Chicago bleiwen. Zu Portland sollen 100 Membere vun der Nationalgard vum Bundesstaat Oregon stationéiert bleiwen. D'New York Times bezitt sech fir hir Meldung op eng Quell aus der US-Regierung, ouni ze soen, ëm wien et sech dobäi handelt.
Den US-President Trump hat d'Nationalgard an eng Partie Stied mat demokratesche Buergermeeschtere geschéckt. Hien hat dat mat der uerger Kriminalitéit an der Gewalt op de Stroosse vun dëse Stied begrënnt, grad wéi mat de Protester géint seng restriktiv Politik géint Immigranten. Dës Decisioun hat huet virun allem vun demokratescher Säit fir hefteg Kritik gesuergt.