No der Mamm an zwee Kanner, stierft och de Papp vun der däitscher Famill
© Photo by SU CASSIANO / MIDDLE EAST IMAGES / MIDDLE EAST IMAGES VIA AFP
Nom tragesche Virfall zu Istanbul, bei deem zwee Kanner an hir Mamm gestuerwe sinn, ass och elo de Papp no puer Deeg am Spidol gestuerwen.
Dat mellt e Méindeg de Chef vun der Gesondheetsdirektioun zu Istanbul, den Abdullah Emre Güner op X. D'Ermëttlungen zu der Doudesursaach lafen nach ëmmer. Am Verdacht stinn Medien no eng Liewensmëttelvergëftung oder eng Vergëftung duerch Chemikalien. Eng offiziell Expertis feelt bis ewell nach. Wéi et heescht goufe bis ewell 11 Verdächteger festgeholl, dorënner Verkeefer vum Iessen, Mataarbechter vum Hotel vun der Famill am Staddeel Fatih a Mataarbechter vun enger Firma déi mat Chemikalien schafft. Den Hotel an där d'Famill war gouf mëttlerweil evakuéiert an zougemaach. Kuerz virdru goufen zwee weider Touristen aus dem selwechten Hotel mat Symptomer vun enger Vergëftung am Spidol behandelt. Een Zëmmer gouf komplett desinfizéiert, heescht et weider.
Wéi tierkesch Autoritéiten a Medien e Freideg gemellt haten, waren zwee Kanner an hir Mamm gestuerwen, nodeem d'Famill Street-Food op enger beléifter touristescher Plaz zu Istanbul giess hat. De Papp louch schwéier blesséiert am Spidol an ass wéi gesot och e Méindeg verscheet.
D'Famill aus Hamburg soll leschte Mëttwoch krank gi sinn, nodeem si verschidde Street-Food-Platen an engem Restaurant am Quartier Ortaköy, um Fouss vun enger Bréck iwwert dem Bosporus, giess hat. Alle Véier si kuerz drop an d'Spidol bruecht ginn.
Fir déi zwee Kanner, sechs a véier Joer al, war et allerdéngs ze spéit. Wéi de regionale Gesondheetschef vun Istanbul en Donneschdeg op X geschriwwen huet, wieren déi zwee Kanner gestuerwen.
D'Mamm an de Papp goufen op der Intensivstatioun behandelt, mee och d'Mamm huet et net iwwerlieft, de Papp ass e puer Deeg méi spéit gestuerwen.
Eng Ermëttlung gouf relativ séier opgeholl. E puer Medieberichter hu gemellt, d'Famill hätt Moulle mat Reis giess, e populäre Snack, dee virun allem vu Street-Vendeuren ugebuede gëtt. Och weider Delikatesse stinn ënner Verdacht, fir den Doud vun den dräi Persoune verantwortlech ze sinn.
Bei den Affer soll et sech ëm eng tierkesch Famill gehandelt hunn, déi an Däitschland gewunnt huet an zu Istanbul an der Vakanz war.