Déi britesch Regierungschefin Theresa May huet an enger Ried zu Florenz Detailer iwwert de Brexit ginn

Si huet dobäi ënnerstrach, datt si fir eng Iwwergangsphase ass. Déi soll ongeféier zwee Joer daueren. Dat géif bedeiten, datt Groussbritannien sech eréischt 2021 definitiv vun der europäescher Unioun léist.

D’Theresa May huet ënnerstrach, datt et an hiren Aen wichteg ass, d’Regelen fir dës Iwwwergangsphas sou fréi wéi méiglech ze fixéieren.

Donieft huet si den EU Bierger –déi a Groussbritannien liewen- d’Garantie ginn, datt si och nom Brexit weider wëllkomm sinn.

E weidere Knackpunkt an de Verhandlunge ware bis elo déi finanziell Obligatiounen, déi Groussbritannien vis-à-vis vun der Europäescher Unioun huet. D'Theresa May huet zwar verséchert, datt hiert Land sengen Obligatiounen no kënnt, konkret Zuelen huet si awer keng genannt.

Donieft goung virun allem driwwer rieds, wéi déi gemeinsam Zukunft vun der Europäescher Unioun a Groussbritannien kinnt ausgesinn. London wënscht sech eng déif a speziell Partnerschaft, wou et och nei a kreativ Léisunge fir den Handel solle ginn.

D'Vereenegt Kinnekräich ass ee vun de gréisste Partner vun der Europäescher Unioun an eng vun de gréissten Economien op der Welt. Donieft e wichtegen Hafen fir Entreprisen an Jobs um ganze Kontinent, esou wéi och de gréissten Handelspartner vun den USA. Et ass also am Interessi vu jidderengem, fir eng Solutioun ze fannen. An d'EU huet an der Vergaangenheet scho gewisen, datt kreativ Léisunge kënne fonnt ginn.

Déi britesch Regierungschefin huet e puer Mol betount, wéi wichteg eng enk Relatioun mat der EU ass. Et géif een zwar d'Europäesch Unioun verloossen, awer net Europa.

Dofir géif och weider am Beräich Sécherheet zesumme geschafft ginn. Groussbritannien géif och weider hier Hëllef den anere Länner an der EU ubidden, wann et ëm Sécherheet geet.

D'Theresa May huet anengems nach emol d'Hannergrënn fir de Brexit explizéiert a  gesot, datt dat vereenegt Kinnekräich sech an der EU ni wierklech doheem gefillt hätt.

AUDIO: Ried vum Theresa May / Reportage Dany Rasqué