Nancy Pelosi zitt sech no bal 40 Joer aus der Politik zeréck
© AFP
Dat huet déi aflossräich US-Demokratin an engem Videomessage um Donneschdeg matgedeelt.
D’Nancy Pelosi, eng vun de wichtegste Politikerinnen an der Demokratescher Partei an den USA, huet ugekënnegt, datt si net méi fir d’Wal an d’Representantenhaus kandidéiert. Si wäert hiert Mandat am Januar 2027 néierleeën, nodeems si bal véier Joerzéngte laang am Kongress aktiv war.
D'Pelosi war déi éischt Fra un der Spëtzt vum US-Representantenhaus, eng Positioun déi si tëscht 2007–2011 an nach eng Kéier tëscht 2019–2023 bekleet huet. Zanter 1987 vertrëtt si hire Walbezierk zu San Francisco a gëllt als eng vun de erfuerenste Politikerinnen an hirer Partei.
An engem Videomessage huet si sech bei de Wieler a Wielerinnen bedankt a gesot, si géif sech op hiert lescht Joer am Kongress freeën.
D’Annonce kënnt am Virfeld vun de Kongress-Tëschewalen 2026, déi als Stëmmungstest fir d’Trump-Regierung gëllen. D'Nancy Pelosi hat den Donald Trump viru kuerzem schaarf kritiséiert a bezeechent hien ënner anerem als "ofstoussend Kreatur" an "dat Schlëmmst op der Welt". Si reprochéiert him, d’Verfassung z'ignoréieren an Drock op d’Justiz an d’Press auszeüben.
D'Pelosi gëllt als eng vun den haartnäckegste Géignerinne vum Trump, besonnesch nom Stuerm op de Kapitol de 6. Januar 2021. Symbolstaark bleift och d’Bild, wéi si 2020 no senger Ried zur Lag vun der Natioun säin Text vun der Ried viru Kameraen zerrappt huet. Den Donald Trump huet si duerno als "verréckten Nancy" a "Feindin am eegene Land" diffaméiert.
Hiren Austrëtt aus der Politik gëllt als Symbol fir e Generatiounswandel bei den Demokraten, déi no der Néierlag bei de Presidentschaftswalen 2024 an enger politescher Kris stiechen. Nei Hoffnung krut d’Partei awer duerch rezent Walvictoirë bei de Gouverneurswalen a Bundesstaaten ewéi Virginia an New Jersey, souwéi bei der Buergermeeschterwal zu New York.
Ënnert anerem de fréieren US-President Barack Obama huet op X dann och der Nancy Pelosi Merci gesot fir hiren Asaz fir d'amerikanescht Vollek. Si géif an d'Geschicht vun den USA agoen als eng vun de beschte Speaker vum Representantenhaus.