Et ass eng "medezinesch Raritéit": Enn September huet eng Fra zu Berlin zwee Meedercher an dräi Jonge per Keeserschnëtt op d'Welt bruecht.

Wéi d'Universitéitsklinik en Donneschdeg matdeelt, geet et der Mamm an de fënnef Kanner gutt. D'Gebuert vu "Fënneflinge" wier allerdéngs eng "medezinesch Raritéit", well op natierlechem Wee kéim dat just bei enger vu 50 Millioune Schwangerschafte vir.

Dee Keeserschnëtt gouf, wéi d'Spidol mellt, um Enn vun der 28. Schwangerschaftswoch an d'Weeër geleet. Fir de Kanner e beschtméigleche Start an d'Liewen z'erméiglechen, war eng Ekipp vu 25 Leit present. Duerch d'Raritéit wier d'Gebuert vu "Fënneflinge" souguer fir erfuere Gebuertsmedeziner en aussergewéinlechen Event an eng besonnesch logistesch Erausfuerderung, huet den Direkter vum Spidol fir Gebuertsmedezin vun der Charité, de Wolfgang Henrich, erkläert.

RTL

© Charité

Direkt no der Gebuert huet d'Spidol d'Éischtversuergung iwwerholl. An och elo ginn d'Kanner nach op enger neonatologescher Statioun vun der Charité betreit. Soubal déi Kleng staark genuch sinn, kënne si heem. Antëscht hätte si hiert Gewiicht scho méi wéi verduebelt.

"Mir si glécklech, eis fënnef Kanner wuel a gesond an den Äerm halen ze kënnen", zitéiert d'Spidol d'Mamm. "Mir fillen eis hei an der Charité gutt betreit, freeën eis awer natierlech och op den Dag, un deem mir zesummen heem kënnen - bis dohi kucke mir all Dag op en Neits, wéi eis Liblinge wuessen."