"Mir wëlle keng Zwou-Klasse-Medezin!"
Lëtzebuerg kritt keng Zwou-Klasse-Medizin. Do ass déi zoustänneg Ministesch Martine Deprez ganz däitlech.
Dorunner géing och d'Kënnegung vun der AMMD mat den CNS-Konventiounen an d'Fuerderunge vun der Dokteschassociatioun näischt änneren. An och déi geplangte "Klinik" um Findel, déi jo éischter een Zenter mat Spezialisten ass, soll keng Ausnam ginn.
De Gesondheetsministère wier iwwert dëse Projet net informéiert ginn, esou d'Ministesch. Si präziséiert awer, dass déi Responsabel dat och net bräichten, well et sech ëm en "Immobilieprojet" handelt. All Iddi, fir méi Dokteren ze hunn, wier gutt, esou nach d’Ministesch. Ma si freet sech awer, wourunner d'Grënner vun der Findel-Klinik dat festmaachen, dass et net genuch Doktere géing ginn. Duerch d'Autorisation d'exercer, déi d'Medezinner brauchen, hätt een zwar d'Zuel vun Dokteren, déi esou eng ugefrot hunn, ma awer kee Suivi. Zum Beispill wier net bekannt, wéi laang d’Waardezäite fir e Kardiolog oder aner Spezialiste sinn. U konkrete Statistike géing aktuell awer geschafft ginn.






E weidere Sujet am Interview mat der Gesondheetsministesch war d'Kënnegung vun der Dokteschassociatioun mat der Gesondheetskeess. D'CNS stellt elo de Kalenner op, fir eng nei Konventioun auszeschaffen. D'AMMD huet an engem rezente Communiqué Fuerderungen opgestallt, zum Beispill eng "Autonomie tarifaire", also dass d'Dokteren hir Tariffer fräi kënnen opstellen. Dat stellt sech d’Gesondheetsministesch Martine Deprez schwiereg vir a betount, "mir wëlle keng Zwou-Klasse-Medezin!”
De Gesetzesprojet iwwer d'Dokteschgesellschafte soll da bis Enn vun dësem Joer virleien, dorunner wéilt d'Ministesch och weiderhi festhalen. Et sollen awer “kategoresch” – wéi si sot – keng Finanzinvestisseuren am Verwaltungsrot vun esou enger Societéit bedeelegt sinn.