En Donneschdeg de Moien ass an der Géigend vu Capdepera en Auto vun hannen an e Grupp Cycliste gerannt. 1 Persoun ass gestuerwen, 1 Lëtzebuerger verwonnt.

Dat dramatescht Accident, en Donneschdeg de Moien am Nordoste vu Mallorca, wou eng Automobilistin mat hirem Gefier an e Grupp vun 10 Cycliste gerannt war, huet elo en Doudesaffer gefuerdert.

Um Freideg de Moie gouf bekannt, dass de Guide vum Grupp d'Ongléck net iwwerlieft huet. Hie war beim Accident ganz uerg um Kapp blesséiert ginn. Et hat sech ëm e Grupp vun 10 Cyclisten gehandelt, dorënner och e Lëtzebuerger souwéi 8 Däitscher an eng Schwäizerin. Si waren a 5 Reien vun 2 Vëlosfuerer ënnerwee.

AUDIO: Accident op Mallorca - Temoignage vu Lëtzebuerger Cyclist

Wéi eis de Raoul Mayer aus Lëtzebuerg um Freideg de Moie matgedeelt huet, hunn déi 10 Leit fir en Triathlon trainéiert a waren eng 20 Minutten ënnerwee, wéi et zum Ongléck koum. Et stoung eng Streck vun 200km um Programm a si waren am éischten a stäerkste Grupp ënnerwee.

RTL

© Mallorca Zeitung / Twitter

Eng Automobilistin war ongebremst an de Grupp gerannt. 9 Persoune goufen an d'Klinike vun Manacor, Muro, Portocristo a Palma bruecht. De meescht hate Bréch, Prellungen a Platzwonnen a 4 vun hinne konnten den Dag selwer nees aus dem Spidol entlooss ginn. De Lëtzebuerger Cyclist gouf um Aarm blesséiert. Well seng Blessur net sou schlëmm war, louch hie vun 9.20 Auer bis 12 Auer op der Onglécksplaz um Buedem. Hie gouf do awer gutt vun de Rettungsdéngschter versuergt, an och seng Fra war op der Plaz. Si war am Grupp hannendrun och mam Vëlo ënnerwee.

De Guide gouf mam Helikopter an e Spidol op Palma geflunn. Den Onglécklechen sollt seng uerg Blessuren net iwwerliewen. Beim Affer handelt et sech ëm e 47 Joer alen däitsche Staatsbierger.

Wéi et zum Accident komm ass, ass bis ewell nach net gekläert. Zeien op der Plaz hunn ausgesot, datt d'Fra ongebremst an de Grupp gerannt ass. Gepréift gëtt och, ob déi 28 Joer al Mallorquinerin ënner Drogenafloss stoung. En éischten Test op der Plaz war positiv op Cannabis.
Et sief nach gesot, datt d'Vëlosfuerer op engem seriéise Stage waren, si haten en extrae Sécherheetstraining kritt mat allerhand spezialiséierten Übungen an och mat der Consigne, de Verkéier dierft net gestéiert ginn. An datt Vëlosfuerer 2 an 2 nieftenee fueren, wier op Mallorca, wou am Fréijoer immens vill Vëlo trainéiert gëtt, dat wier normal an erlaabt.

VIDEO: Déidlechen Accident op Mallorca - Auto rennt a Cyclisten
Ënnert de Blesséierten ass och e Lëtzebuerger Cyclist. De Guide vun der Grupp ass u sengen uerge Blessure gestuerwen. D'Automobilistin stoung ënner Drogenafloss