CGDIS
Véier Blesséierter bei dräi Accidenter um Sonndeg den Owend
Géint 17.15 Auer sinn zu Esch op der Place de la Paix zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt.
Kuerz virun 22 Auer ass op der A13, um Beetebuerger Kräiz, en Accident mat engem Auto geschitt. Heibäi goufen zwou Persoune verwonnt.
Géint 23.20 Auer ass tëscht Bartreng an Dippech an Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Bei engem Kellerbrand zu Esch ass et beim Materialschued bliwwen.
Am meeschte gelies