Frankräich
Joerhonnertenaalt Klouschter am Departement Ardennes ofgebrannt
© SDIS08/AFP/Handout
Am Departement des Ardennes am Nordoste vu Frankräich ass e joerhonnertenaalt Klouschter duerch e Feier gréisstendeels zerstéiert ginn.
Passanten haten d'Feier am ofgeleeëne Klouschter Mont-Dieu beim Duerf Tannay-le-Mont-Dieu bemierkt an d'Pompjeeën alarméiert. De Brand konnt allerdéngs réischt no Stonnen ënner Kontroll bruecht ginn. D'Haaptgebai ass gréisstendeels ausgebrannt a riskéiert, an e Koup ze falen. Firwat d'Feier ausgebrach ass, ass bis ewell onkloer.
D'Klouschter ass am fréien 12. Joerhonnert gebaut an am 17. Joerhonnert ëmgebaut ginn.
Am meeschte gelies