Och Lëtzebuerg war um "Spektakel vu pharaoneschem Ausmooss" vertrueden
© Photo by BERND VON JUTRCZENKA / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
Op der Ouverture vum neie Musée, direkt bei de Pyramide vu Gizeh, waren och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an de Grand Duc Henri.
D'Nooriichtenagence AFP schreift vun engem "Spektakel vu pharaoneschen Ausmooss". Direkt nieft de Pyramiden vu Gizeh ass e Samschdeg den Owend mat enger spektakulärer Show, mat Liichtershow, Danz, Freedefeier a Symphonieorchester an e Presenz vu villen internationalen Éieregäscht d'Ouverture vum "Grand Egyptian Museum" gefeiert ginn.
Ënnert den Éieregäscht waren och de Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden an de Grand Duc Henri dobäi.
Um Musée, deen eng Ausstellungsfläch vu 70 Fussballfelder huet, ass méi wéi 20 Joer laang geplangt a gebaut ginn. Ägypten hofft mat dësem Megaprojet nees méi Touristen an d'Land ze zéien a rechent mat op d'mannst 5 Millioune Visiteuren d'Joer. En Dënschdeg geet de Musée komplett fir d'Visiteuren op. Si kënnen dann ënnert anerem dee komplette Grafschatz vum Tutanchamun gesinn.







