Oppositioun schwätzt vun Honnerten Doudegen no de Walen
© AFP
Zanter dem Dag vun de Wale gëtt et a ganz Tansania keen Internetaccès méi. D'Lag am Land ass aktuell oniwwersiichtlech.
E Méindeg soll an Tansania d'Presidentin Samia Suluhu Hassan no hirer Walvictoire ausserhalb vun der Ëffentlechkeet inauguréiert ginn. Dës Victoire ass awer ferm ëmstridden, well déi gréisst oppositionell Partei Chadema gréisstendeels vun de Wale leschte Mëttwoch ausgeschloss gi war. Den Zuele vun de Walbüroen no hätt d'Partei vun der Suluhu Hassan mat 98 Prozent vun de Stëmme gewonnen.
D'Partei Chadema huet d'Resultater vun de Walen net acceptéiert an de Vott eng "Schan" genannt. Zanter dem Dag vun de Walen ass den Internet wéinst de ville Protester am Land ausgeschalt, sou datt et nëmme wéineg Informatiounen iwwert d'Ëmstänn am ostafrikanesche Land ginn. D'Oppositioun behaapt, et wieren e Samschdeg "op d'mannst 800" Mënsche vu Sécherheetskräfte bei Protester ëmbruecht ginn. Dës Zuele loosse sech awer net onofhängeg iwwerpréiwen.
De landeswäite Blackout géif vun der Police genotzt ginn, fir Oppositioneller ze suivéieren, déi eventuell Videoopname vun den Ausernanersetzunge gemaach kéinten hunn, sou diplomatesch Sourcë vun der AFP. D'Regierung selwer huet sech net zu méiglechen Doudesaffer geäussert.