Op d'mannst 23 Doudeger no Explosioun a Supermarché
© Photo by JESUS VERDUGO / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP
11 Persoune goufen dobäi nach blesséiert, esou de Gouverneur vum mexikanesche Bundesstaat Sonora am Nordweste vum Land.
Ënnert den Affer wieren och Mannerjäreger, sou de Gouverneur weider. Et gouf eng "grëndlech an transparent Enquête" ordonéiert, heescht et weider.
D'Explosioun war an enger Filial vun der Discounter-Chaîne Waldo's am Zentrum vun der Stad Hermosillo. De Parquet geet dovunner aus, dass et sech ëm en Accident handelt. D'Ermëttlungen konzentréiere sech am Moment op en Transformator am Supermarché, deen zu der Explosioun kéint geféiert hunn, sou de Parquet weider. Fënnef Persounen déi blesséiert goufen, wieren dann och elo nach ëmmer am Spidol.
Medien no wäre vill Leit no der Explosioun an de Supermarché gelaf, wou se dunn vun de Flamen agespaart goufen. D'Autoritéiten hunn dann och d'Leit opgefuerdert, vun der Plaz vum Accident ewechzebleiwen, eng geplangte Feier an der Stad gouf wéinst dem Virfall annuléiert.