US-President Trump dreet mat Militärattacken an Nigeria
© Photo by ROBERTO SCHMIDT / AFP
D'Land géif et zouloossen, datt Chrëschten vun islamisteschen Terroristen ëmbruecht ginn, sou d'Wäisst Haus.
Den US-President Donald Trump huet dem Nigeria elo mat Militärattacken gedreet. D'Land géif et zouloossen, datt Chrëschten vun islamisteschen Terroristen ëmbruecht ginn, sou d'Wäiss Haus. Duerfir géif sech de Pentagon op e méiglechen Asaz virbereeden an et géif een dann och all Hëllefen fir d'Land stoppen. Den nigerianesche President dementéiert d'Virwërf.
Iwwerdeems weist de President vum Venezuela Nicolas Maduro d'Reprochë vun der Trump-Administratioun zréck, säi Land wier an den Drogenhandel verwéckelt. Dat ganzt wier eng Campagne géint de Venezuela, fir u Pëtrol ze kommen.
Zanter Wochen gräifen d'USA an der Karibik ëmmer nees Booter un, déi anscheinend Drogen transportéieren. UNO-Mënscherechtsexperten gesinn doranner e Verstouss géint d'Vëlkerrecht. Net méi spéit wéi e Sonndeg de Moien eiser Zäit huet de Pentagon matgedeelt, et wieren dräi Männer bei sou enger Attack ëmbruecht ginn.