Wéinst dem Plange vun engem presuméierten islamisteschen Uschlag zu Berlin, hunn däitsch Ermëttler en 22 Joer ale Mann festgeholl.

Wéi et vum Berliner Parquet heescht, gouf de jonke Mann schonn e Samschdeg festgeholl. Däitsche Medien no goufe bei him Materialie fonnt, mat deene sech Sprengsätz baue loossen. De Verdächtege war op ënnerschiddlechen Adresse gemellt, insgesamt goufen dräi Objeten duerchsicht. Geplangt soll en Attentat zu Berlin gewiescht sinn, weider Detailer goufen allerdéngs nach keng matgedeelt. Bei de Perquisitioune waren och Spezialunitéite vun der Police am Asaz.

Rieds geet a verschiddene Medien dovunner, datt den 22 Joer ale Verdächtegen e Selbstmordattentat duerchféiere wollt, hie soll sech zur Terrororganisatioun "Islamesche Staat" bekannt an och där hir Propaganda an de soziale Reseaue gedeelt hunn.