Viru genee engem Joer krut d'Regioun vu Valencia a Spuenien de Klimawandel op dramatesch Aart a Weis ze spieren.

Den 29. Oktober 2024 ass bannent enger Stonn souvill Ree gefall, wéi ni virdrun. 237 Mënsche koumen ëm d'Liewen. Ganz Quartiere goufen iwwerschwemmt. Och ee Joer méi spéit huet d'Roserei bei de Betraffene sech net geluecht. D'Spueren, déi d'Waassermassen hannerlooss hunn, markéieren d'Landschaft bis haut. Et war déi schlëmmsten Naturkatastroph, déi Spuenien an dësem Joerhonnert geraf huet.

Paiporta, eng 10 Kilometer nieft Valencia, stoung am Zentrum vun der Dana, wéi dës extrem Wiederphenomener, déi am ze waarme Mëttelmier entstinn, genannt ginn. Eleng do koumen 62 Mënschen ëm d'Liewen. 12 Méint méi spéit sinn d'Bagger weider an Aktioun. D'Bierger un zerstéiertem Happ a Gutt, si weider aus der Luucht z'erkennen.

De Schock sëtzt weider déif

D'Geräisch vum Ree léist nach ëmmer, bei där 47 Joer aler Arantxa Ferrer Panikattacken aus, ee Joer nodeems si iwwer hir Terrass an d'Appartement vun engem Noper geklommen ass, nodeems hir Wunneng ugefaangen hat, sech mat Waasser ze fëllen. 11 Leit hunn eleng an hirer Noperschaft net iwwerlieft.

"Angscht ass eppes, wat een net kontrolléiere kann. Ech mengen net, datt Medikamenter d'Angscht verschwanne loossen. Dat eenzegt, wat funktionéiert, ass sech der Angscht auszesetzen. Den Dokter, dee mir bei der Therapie hëlleft, seet mir ëmmer, datt ech, wann et reent, aus der Fënster kucke soll, dem Reen nokucken, lauschtere soll, fir déi Barriär opzebriechen, déi mäi Geescht ronderëm de Klang vum Ree geschaaft huet. Wéi elo, wann et wierklech staark reent."

Dësen éischten Anniversaire vun der Katastroph huet d'Gemidder nees frësch opgewullt. D’Roserei géintiwwer den Autoritéiten huet sech och 12 Méint duerno net geluecht. Sief et regional, oder national. Si hunn den 29. Oktober d'lescht Joer versot. D'Warnunge vun de Wiederdéngschter net eescht genuch geholl. Gewarnt, gouf ze spéit. Wärend der offizieller Gedenkzeremonie rifft eng Fra: "Mäerder!" Spontan fuerderen d’Leit a Presenz vum Kinnek, d'Demissioun vum President vun der regionaler Regierung, Mazon.

"Ech sinn ausser mer, vu Roserei, well déi Persoun, déi net emol als Persoun bezeechent soll ginn - hien ass net emol e Mënsch - huet misse kommen. Hien huet e schéint Event fir d'Affer an hir Famillje ruinéiert", sou d'Reaktioun vun enger Fra, déi an der Katastroph e Familljemember verluer huet.

Munches gouf awer och déi lescht Méint geännert: De System, fir d'Leit ze warnen, gouf verbessert. Mam Neesopbau geet et awer villen ze lues. Kritiséiert gëtt, datt d'Infrastruktur net konsequent genuch ugepasst gëtt. U sech misste 400.000 Mënschen aus der Geforenzon eraus, deplacéiert ginn. Well den extreme Phenomen, d'Dana, wäert nees zouschloen. Joer fir Joer, am Hierscht. No ze waarme Summer, am Mëttelmierraum.