D'Syriza-Allianz huet schonn e Koalitiounspartner fonnt. Si well sech mat de rietspopulisteschen Onofhängegen zesummen dinn. D'Partei kënnt op 13 Setz.

E wollt Geschicht schreiwen an huet et effektiv gemaach: D'Lénkspartei vum Alexis Tsipras ass wéi erwaart de grousse Gewënner vun de Wahlen a Griichenland.
Déi lénk Allianz kritt 149 vun den 300 Sëtz am neie griichesche Parlament.

Hire Chef den Alexis Tsipras gouf um Méindeg Mëtteg vum griichesche President Karlos Papoulias als Regierungschef vereedegt.

Déi Konservativ vum Premier Antonis Samaras packen et mat 27,8% grad mol op 76 Sëtz.

Déi sozialistesch Pasok-Partei krut net méi wéi 4,7%.

Drëttstäerkste Kraaft sinn déi Rechtsextrem mat 6,3%.

RTL

Den Alexis Tsipras huet viru senge Supporter um Sonndeg d'Enn vun der desastréiser Spuerpolitik annoncéiert. De Syriza-Chef wëll d'Accorden tëscht Griichenland an den internationale Creancieren nei verhandelen a fuerdert e Scholdeschnëtt fir d'Land.

Do gëtt et awer um Beispill vum President vum Europaparlament Martin Schulz e kloren Nee. Am Plaz iwwer e Scholdeschnëtt soll een iwwer Méiglechkeete fir méi Investitiounen, Wuestëm a Beschäftegung schwätzen. D'EU-Kommissioun huet kloergestallt, dass sech Athen u seng Engagementer muss halen.

Och d'EZB sot dass si bei engem Scholdeschnëtt net mat mëscht. De Chef vum Eurogrupp sot sech bereet, mat der neier griichescher Regierung un e Dësch ze setzen, fir mat hir zesummenzeschaffen. De Jeroen Dijsselbloem huet awer kloer gemaach, dass Athen d'Reegele vun der Eurozone respektéiere muss.

Den Dossier Griicheland wäert wuel och e wichtege Sujet ënnert lëtzebuerger EU-Presidence am zweete Semester sinn.

Reaktiounen aus Lëtzebuerg

Et ass fir d'alleréischt eng griichesch Wahl, sot den Ausseminister Jean Asselborn e Méindeg de Moien an enger éischter Reaktioun iwwert d'Wahlresultat a Griichenland. Dem LSAP-Minister no missten 3 Lektiounen elo gezu ginn. Éischtens misst all Land seng Scholden am Grëff halen. Zweetens misst Europa Hoffnung maachen a keng Angscht an do misst dann och d'Solidaritéit vis-à-vis vun de Kriselänner spillen.

Den David Wagner vun déi Lénk gesäit an der Victoire vun der Gauche ëm den Alexis Tsipras en Hoffnungsschimmer och fir aner europäesch Länner. D'Griichen hätten um Sonndeg gewisen, datt et eng Alternativ gëtt. Vun de politesche Vertrieder vun den aneren europäesche Memberlänner erwaart de Spriecher vun déi Lénk, datt si den Alexis Tsipras net an den Eck drécken, mä ënnerstëtzen. Hei wier och déi Lëtzebuerger Regierung gefuerdert, wann d'Land Mëtt des Joers d'EU-Presidence iwwerhëlt.

AUDIO: Reaktioune vum Jean Asselborn an David Wagner

Um Méindeg de Moie koum de Parteichef mam Chef vun der Partei vun den "Onofhängege Griichen" Panos Kammenos fir Koalitiounsgespréicher zesummen. Béid Parteien solle sech an deene Gespréicher eenz gi sinn. Déi "Onofhängeg Griichen" koumen op 13 Sëtz.

RTL

D'EU an den FMI hu Griichenland bis ewell mat Finanzhëllefen an Héicht vu ronn 240 Milliarden Euro ënnert d'Äerm gegraff an als Konterpartie dem Land eng strikt Austeritéitspolitik operluecht.

Um Méindeg scho kommen d'Euro-Finanzministeren zu Bréissel zesummen, fir iwwert d'Zukunft vum Kriseland ze schwätzen. Konkret Decisiounen sollen et keng ginn.

De griicheschen Hëllefsprogramm leeft Enn Februar aus, kéint awer doriwwer eraus verlängert ginn. Sollt et keen Accord ginn, kéint d'Land scho geschwë faillite sinn. Datt Griichenland wéilt aus der Eurozon austrieden, huet den Alexis Tsipras ëmmer nees dementéiert.

RTL

D'Victoire vun der Syriza huet weider op den Euro gedréckt. Am asiateschen Handel ass d'Gemeinschaftswährung kuerzzäiteg op den déifste Stand zanter 11 Joer gefall a gouf een Ament mat 1,10 Dollar kotéiert, fir sech duerno awer nees mat 1,11 z'erhuelen.

RTL

Dës Neiwahle waren néideg, well d'Regierung Enn 2014 net genuch Stëmme fir hire Presidentschaftskandidat zesumme krut, och net am drëtten Tour. D'Syriza ëm den Alexis Tsirpas hat an de Sondagen d'Nues vir. Si ass fir e Stopp vun der Spuerpolitik, wëll awer net aus der EU austrieden. Ob se eleng regéiere kann, muss sech nach eraus stellen. Dofir brauch se jee nodeem wéi vill Parteien et an d'Parlament packen, tëscht 33 a 35% vun de Stëmmen. A Griicheland gëtt et d'Regel, déi festleet, dass de Gewënner vun de Wahle muss an der Regierung sinn an e kritt automatesch 50 Sëtz zousätzlech, dëst an engem Parlament mat 300 Sëtz.

VIDEO: Griicheland: déi nei Regierung steet op de Schinnen.
D'Gauche, also d'Syriza, huet e Koalitiounspartner fonnt: Déi Rietspopulistesch Onofhängeg Griichen. Den Alexis Tsipras gëtt mat 40 Joer Premier.
VIDEO: Reaktiounen no de Wahlen a Griicheland
Reaktioun ënnertaanerem vun engem Griich deen hei zu Lëtzebuerg liewt.