Nom Policeasaz wéinst Schëss bei Lonkech, ass et e Freidegnomëtteg bei eise franséischen Noperen e weideren Asaz bei Diddenuewen.

Wéi de Republicain Lorrain schreift, hätt sech an der Stad Terville e Familljepapp a senger Wunneng verschanzt, nodeems hie selwer d'Autoritéiten alarméiert huet. D'Diddenuewener Police, wéi och en Dispositif vun der franséischer Police-Spezialunitéit RAID sinn am Asaz a versiche Kontakt mam Mann hierzestellen. E Sécherheetsperimeter gouf en place gesat, et ass an der Noperschaft aktuell iwwerdeems och net méiglech eran oder erauszekommen.

Wéi de Republicain Lorrain weider schreift, wier den Asaz zanter uganks vum Nomëtten amgaangen. Ob de Mann arméiert ass an ob Familljememberen och an der Wunneng festgehale ginn, gëtt net preziséiert. Och déi genee Hannergrënn sinn den Ament onkloer.

E Freideg de Moie koum et jo schonn zu engem gréissere Policeasaz zu Gourcy bei Lonkech. Géint 10.45 Auer hat hei e Mann bei enger Primärschoul mat enger Waff an d'Loft geschoss. Méi Detailer zu dësem Virfall fannt Dir an eisem Artikel.