Och nach ouni Fürerschäin ënnerwee
Zwee Chauffere mat 925 Liter Alkohol an der Mall gepëtzt
© Police
En Donneschdeg de Moie sinn der Police zwee Chauffere mat nawell zimmlech vill Alkohol hannert dem Steier an d'Netz gaangen.
Op der B27A um Fridhaff goufen déi zwee Fuerer aus dem Verkéier gezunn, déi zesummen eng 925 Liter Staarken Alkohol derbäi haten. D'Douane an déi zoustänneg Steierverwaltung goufen iwwert den illegalen Alkoholtransport informéiert an hunn den Alkohol saiséiert.
Zousätzlech haten déi zwee Chaufferen dann och nach keng gülteg Fürerschäiner derbäi. Op Uerder vum Parquet gouf de Virfall protokolléiert an d'Autoe goufe saiséiert.
Am meeschte gelies