USA refuséieren Iwwerpréiwung vun hirer Mënscherechtssituatioun
© AFP/Fabrice COFFRINI
Bei enger Sëtzung fir de sougenannten "Universal Periodic Review" zu Genf sinn d'Sëtzer vun der US-Delegatioun e Freideg eidel bliwwen.
"Ech stelle fest, datt d'Delegatioun vun den USA net am Sall present ass", sou de President vum UN-Mënscherechtsconseil Jürg Lauber um Ufank vun der Sessioun. De Conseil iwwerpréift zanter 2007 all véier bis fënnef Joer d'Lag vun der Mënscherechtssituatioun an de Memberstaaten. Datt d'USA feelen, koum net iwwerraschend. Schonn am Februar hat den US-President Trump per Dekreet decidéiert, datt d'Zesummenaarbecht mam UN-Mënscherechtsrot a weideren UN-Gremie soll gestoppt ginn. Datt een d'Iwwerpréiwung vun der Mënscherechtssituatioun am eegene Land an Zukunft refuséiere wëll, gouf schonn am August annoncéiert.
D'USA sinn mat där Decisioun dat zweet Land an der Geschicht vun de Vereenten Natiounen. Bis ewell hat Israel eng Iwwerpréiwung vun der Mënscherechtslag refuséiert, dat war 2013.