Wärend Joren hat sech déi jonk Fra als dat 2007 verschwonnent Madeleine McCann ausginn an d'Famill belästegt.

Dowéinst huet e Geriicht zu Leicester déi 24 Joer al Polin elo schëlleg gesprach, vum Virworf vum Stalking gouf si allerdéngs fräigesprach. Eng weider ugeklote Brittin gouf vu béide Punkte fräigeschwat.

Vu Juni 2022 bis Februar 2025 waren d'Eltere vum "Maddie", Kate a Gerry McCann vun der Verurteelter mat E-Mailen, SMSen an Uriff reegelrecht bombardéiert ginn. D'Mamm Kate ass un engem eenzegen Dag esouguer 60 mol ugeruff ginn, sou de Parquet. Déi beschëllegt Fra huet behaapt, Erënnerungen un dem Maddie seng Kandheet a säi Verschwannen ze hunn an huet och ëmmer nees en DNA-Test gefuerdert. Dëse gouf och gemaach, huet allerdéngs kee Lien zur McCann-Famill opweise kënnen.

Déi genee Strof fir déi jonk Fra soll nach verkënnegt ginn, insgesamt hat de Prozess fënnef Woche laang gedauert.

D'Madeleine "Maddie" McCann war den 3. Mee 2007 kuerz viru sengem 4. Gebuertsdag aus der portugisescher Vakanzewunneng vun der Famill zu Pria da Luz verschwonnen, wärend d'Elteren an engem Restaurant fir Owes giess hunn. De Fall hat international fir vill Opmierksamkeet gesuergt, ma trotz intensiven Enquêten a sëllegen Opriff vun den Elteren, feelt vum Meedche bis haut all Spuer.

En däitsche Staatsbierger, deen als Täter verdächtegt gouf, ass Mëtt September aus engem Prisong an Niedersachsen entlooss ginn, wou hien eng Prisongsstrof vun e puer Joer wéinst enger Vergewaltegung aus dem Joer 2005 ofgesiess hat.