Buschauffer geet hannert dem Steier an d'Getten - Passagéier gräift behäerzt an
© Littlevan via Envato
Duerch dat séiert Agéiere vun engem 34 Joer ale Bus-Passagéier konnt en Donneschdeg zu Trierweiler heivir an Däitschland Schlëmmeres verhënnert ginn.
Géint 16.20 Auer ass en Donneschdeg eng ganz normal Faart an engem Linnebus a Richtung Tréier bemol zu enger Ausnamesituatioun ginn: De 64 Joer ale Buschauffer ass op der B51 op der Héicht vun Trierweiler ouni kloer ersiichtleche Grond einfach hannert dem Steier schwaachgefall.
Ee 34 Joer ale Passagéier, deen dat ganzt gesinn hat, huet zum Gléck net laang gezéckt. Hien ass bei de bewosstlose Chauffer gelaf am huet d'Steierrad an d'Brems ënner seng Kontroll bruecht, esou datt hien de Bus op enger eideler Fläch zum Stoe brénge konnt. Weder him, nach deenen anere sechs Passagéier oder anere Leit am Trafic ass eppes geschitt.
Eng medezinesch Ënnersichung konnt keng Ursaach dofir fannen, firwat de Buschauffer esou onerwaart an d'Gette gaangen ass, esou datt hie fir weider Tester an ee Spidol zu Tréier bruecht gouf. En Ersatzchauffer ass schliisslech mam Bus weider op Tréier gefuer, wou en ouni weideren Tëschefall u sengem Zil ukoum.