Nodeems d'Sich no den Abriecher zu Nidderfeelen ouni Succès gestoppt gouf, gëtt elo no Abriecher gesicht, déi am Raum Biissen aktiv waren.

D'Police huet e Freideg den Owend um kuerz no 19 Auer eng Meldung erausginn, dass am Raum Nidderfeelen aktuell Abriecher op der Flucht sinn.  Et sollt ee verdächteg Persounen oder Gefierer direkt der Police um 113 mellen. Weider war et den Opruff, dass ee keng Leit mam Auto soll mathuelen.

Um 20.36 Auer huet d'Police matgedeelt, dass een d'Sich no den Abriecher vun Nidderfeelen ouni Succès agestallt hätt.

Dobäi kéim awer elo en aneren Abroch zu Biissen, wou d'Police elo och no de Brigange sicht. Hei ass et de selwechten Opruff, keng Leit mam Auto matzehuelen a verdächteg Persounen oder Gefierer direkt um 113 ze mellen.