1,2 Tonne Shisha-Tubak an der Eifel a 440.000 Zigaretten an der Belsch saiséiert
© Hauptzollamt Koblenz / InPut-Presse
Den 1. November huet déi däitsch Police eng grouss Kontroll zesumme mat belschen a Lëtzebuerger Kolleegen an der Eifel organiséiert.
Bei der Kontroll am Kader vun der Bekämpfung vun der Déidungsmëttel- a Verbrauchersteierkriminalitéit waren nieft der däitscher Police och Douanieren aus Lëtzebuerg an der Belsch souwéi belsch Polizisten bedeelegt. Am Ganze wiere 70 Beamten dobäi gewiescht.
Am Kader der Kontroll goufen eng 400 Gefierer a 520 Persoune kontrolléiert. Dobäi goufe 35 Verstéiss festgestallt. Dorënner d'Entdeckung vun 1,2 Tonne Shisha-Tubak, déi an engem hollännesche Gefier fonnt goufen. De Steierschued géing bei ronn 60.000 Euro leien. Géint den hollännesche Chauffer gouf eng Prozedur ageleet an den Tubak séchergestallt.
No der Kontroll hätten déi belsch Douanieren op engem Parking an der Belsch nach e verdächtegt Gefier fonnt. Bei der Kontroll vum Transporter goufen iwwer 440.000 Zigarette fonnt. Hei läit de Steierschued bei ronn 220.000 Euro. Et wier net auszeschléissen, datt den Transporter um Wee an Däitschland war.
Am Ganze wier d'Kontroll der Police vu Koblenz no als Succès ze wäerten.