Wéi den tierkesche Parquet e Freideg matdeelt, goufen insgesamt 37 Mandats d'arrête géint israeelesch Regierungsvertrieder erlooss.

Déi tierkesch Justiz huet géint den israeelesche Premierminister Benjamin Netanjahu a 36 weider Membere vun der israeelescher Regierung Mandats d'arrête wéinst Vëlkermord erlooss. Och den Defenseminister Israel Katz an de Minister fir bannenzeg Sécherheet Itamar Ben Gvir gehéieren zu de Beschëllegten, wéi de Parquet zu Istanbul e Freideg matdeelt.

Déi insgesamt 37 Beschëllegt kréie "Vëlkermord a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet", déi "systematesch duerch den israeelesche Staat an der Gazasträif verüübt ginn" reprochéiert, heescht et an enger Erklärung. Schonn zanter Ufank vum Krich an der Gazasträif huet den tierkesche President Erdogan Israel Vëlkermord reprochéiert, wéi och d'palästinensesch Bevëlkerung express auszehéngeren.